GemengefinanzenJuristesch Victoire fir de Staat, Néierlag fir Gemenge Leideleng an Nidderaanwen

RTL Lëtzebuerg
Dat stellen d'Urteeler vun e Freideg um Verfassungsgeriicht a Saache Gemengefinanzen duer.
© AFP (Archiv)

Am Januar hate Riichter vum Tribunal administratif 6 sougenannt Questions préjudicielles un d'Cour constitutionnelle gestallt, dat am Zesummenhank mat der Bedeelegung vun enger Gemeng un der Gewerbesteier. D'Verfassungsriichter hu virun 3 Deeg dorop geäntwert an déi Äntwerte si kloer.

Verfassungsgeriicht - Gemengefinanzen / Reportage Eric Ewald

Éischtens war d'Cour constitutionnelle gefrot ginn, ob eng einfach Bedeelegung vun de Gemengen un der Gewerbesteier konform ass zum Artikel 107, Paragraf 1 vun der Constitutioun. Dat wär de Fall, well staatlech Instanzen d'Gewerbesteier fir de Kont vun der Gemeng erhiewe géifen an déi erhuewe Steier enger Gemeng net ganz zoustoe kéint, wa se weider genuch Eegeressourcen huet. Déi zweet Fro, ob d'Limitatioun vun der direkter Bedeelegung vun enger Gemeng un der Gewerbesteier op maximal 35% konform ass zum Artikel 107, Paragraf 1 vun der Constitutioun, gouf irrecevabel erkläert. Zur 3. Fro, ob d'Affectatioun vun enger Ressource vun enger Gemeng un e Budgetsfong vum Staat konform ass zum Artikel 107, Paragraf 1 vun der Constitutioun, war et de Constat, dass, fir d'Solidaritéit mat finanziell méi schwaache Gemengen, finanziell méi staarker en zolitten Deel vun der Gewerbesteier opzeginn hätten; deemno wär dat konform. Véiertens war et d'Fro, ob de Fait, dass Gemengen op d'mannst 65% vun der Gewerbesteier un de Fonds de dotation globale des communes mussen ofginn, konform ass zum Artikel 107, Paragraf 1 vun der Constitutioun; dëst wär konform, well de finanziellen Ausgläichssystem konform wär zum Prinzip vun der Gemengenautonomie. Déi 5. Fro war, ob de Fait, dass als Verdeelungskritär vun de Fonge vum Fonds de dotation globale des communes Krittäre wéi d'Zuel vu Sozialwunnengen zielen, konform ass zum Artikel 107, Paragraf 1 vun der Constitutioun. De Krittär vun der Zuel vu Sozialwunninge wär wichteg, wat den Accès zum Wunnen ugeet, soudass een d'Conformitéit festhale misst. A sechstens gouf gefrot, ob de Fait, dass eng Ressource vun enger Gemeng enger staatlecher Entitéit affektéiert gëtt, konform ass zum Artikel 107, Paragraf 1 vun der Constitutioun. Jo, war och hei d'Äntwert, well en Deel vun de Fonge vum Fonds de dotation globale des communes kéint enger staatlecher Entitéit affektéiert ginn, wann déi d'Gemenge beim Ausübe vun hire Kompetenzen entlaaschte kann.

Back to Top
CIM LOGO