D’CSV-DP Regierung huet bis elo vill Suen ausginn. Se liwwert awer och. Mee d'strukturell Problemer bleiwen ongeléist. Esou kann een d'Gespréich en Dënschdeg de Moien ënner véier Journalisten hei op RTL resuméieren. D'Nadine Schartz vum Lëtzebuerger Wort, den Armand Back vum Tageblatt an de Christoph Bumb vu reporter.lu ware beim Fränz Aulner. All ware si sech eens, datt d'Staatsfinanzen net gutt dru sinn.
Wat déi nei Affär ëm illegal Immigratioun ugeet, hunn d'Journaliste sech gefrot, ob Lëtzebuerg seng relativ gutt Placementer a Korruptiounsrankinge verdéngt hätt. An dëser Affär, déi besonnesch d'Direction de l’immigration betrëfft, misst ee virsiichteg sinn, well villes nach ze kläre bleift, mat virop wien déi Haaptschëlleg sinn. Trotzdeem géinge sech Froe stellen iwwert d'politesch Responsabilitéit oder d'Zesummenaarbecht tëscht de Verwaltungen oder nach d'Rolle vun de Betriber, déi och verwéckelt wieren.
En Dënschdeg de Moie waren d'Staatsfinanzen an de politesche Bilan Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.