Cour d'AppelJournalist wéinst Verstouss géint "Présomption d'innocence" verurteelt

RTL Lëtzebuerg
E gudde Bekannte vun der Lëtzebuerger Justiz krut e Mëttwoch op der Cour d'Appel Recht a sengem zweete Prozess géint e Journalist vum Lëtzebuerger Wort.
© RTL-Archiv

D'Cour d'Appel huet nämlech en Appell vum Gilles Lousada als zum Deel fondéiert ugesinn an de Journalist dofir zum Bezuele vum symboleschen Euro a vun 1.250 € Indemnité de procédure fir déi zwou Instanze condamnéiert. De Beruffskolleeg muss donieft fir d'Fraisen opkommen.

Cour d'Appel / Rep. Eric Ewald

Am Oktober 2014 war en Artikel vum Journalist am Lëtzebuerger Wort an um Internetsite vun der Zeitung publizéiert ginn. Dora stoung, dass zwee Iwwerfäll mat Geiselen op d'Spuerkeess zu Rodange aus dem Joer 1999 opgekläert wären. De Beruffskolleeg hat de Gilles Lousada, deen zu deem Zäitpunkt wéinst verschiddene Verbriechen zu Prisongsstrofe vun am Ganze 27 Joer verurteelt gi war, domat a Verbindung bruecht. Et war och all Kéiers eng Foto vum Mann publizéiert ginn. Deen hat de Journalist am Januar 2015 ugesicht, well d'Présomption d’innocence oder "Unschuldsvermutung" net respektéiert gi wär.

Dem Journalist no hätt sech awer eréischt gewisen, wéi hien ugesicht gouf, dass de Mann fir een Iwwerfall net géif de Prozess gemaach kréien. D'Stater Geriicht hat dem Gilles Lousada am Dezember 2017 Onrecht ginn an decidéiert, dass de Journalist net géint d'Présomption d’innocence verstouss hätt. De Gilles Lousada hat am Mäerz 2018 Appell géint dat Urteel gemaach.

Déi zweet Riichter halen an hirem Urteel fest, dass d'Publizéiere vun der Foto vun engem Prisonéier, ouni deem säin Averständnis, am Prinzip eng Infraktioun duerstelle géif. Well de Gilles Lousada dee Moment awer scho fir déi entspriechend Faite condamnéiert gi war, hätt et keng Présomption d'innocence méi ginn.

De Journalist misst awer objektiv an neutral sinn: Hie wär allerdéngs net virsiichteg gewiescht, wéi hie vum Gilles Lousada als engem Auteur vun den Iwwerfäll mat Geiselen op d'Spuerkeess zu Rodange aus dem Joer 1999 geschwat an domat d'Gefill opkomme gelooss hätt, dee wär schëlleg. Seng Schold, wat déi Faiten ugeet, wär awer nach net etabléiert gewiescht.

D'Pressefräiheet géif wuel erlaben, dass de Journalist seng Lieser iwwert d’Existenz vu grave Vermutungen informéieren an d'Onschold vum Gilles Lousada a Fro stelle kéint, net awer, dass de Lieser nëmmen zur Konklusioun komme konnt, dass dee schëlleg wär. De Journalist hätt deemno e Feeler gemaach, fir bei d'Faiten e Commentaire bäizeflécken, „de nature à révéler de sa part un préjugé quant à la culpabilité de Gilles Lousada“. Deen hätt dofir awer just de symboleschen Euro zegutt, nieft enger Indemnité de procédure vun am Ganzen 1.250 € fir déi zwou Instanzen.

Back to Top
CIM LOGO