"Ech gesi Politik elo net just als Konkurrenzkampf", esou d’Josée Lorsché e Mëttwoch de Moien hei op RTL. Si réckelt am Oktober als gréng Deputéiert an der Chamber fir d’Joëlle Welfring no, déi en Job bei der europäescher Investitiounsbank krut. Fir d’Josée Lorsché, déi schonn tëscht 2011 an 2023 Deputéiert war (vun 2018 bis 2023 Fraktiounscheffin), misst d’Politik hei am Land "un engem Strang zéien, wann ee gesäit, wat de Moment an der Welt lass ass". Onofhängeg vun de Kricher gëtt et de "ganz grousse Problem um Niveau vum Klima", esou d’Josée Lorsché, déi frou ass, wann aner Parteien d’Kärthema vun déi Gréng och elo Eescht huelen.
Si huet och begréisst, datt d’CSV-DP-Regierung d’Prefinanzéierung fir Photovoltaik agefouert an op Elektrogefierer a Wärmepomplen erweidert huet. Datt Wärmepompelen duerch dat neit nationaalt Bautereglement och sollen op der viischter Säit vu Gebaier kënnen installéiert gi wier och gutt, quitt datt d’Josée Lorsché Froen zur Gemengenautonomie an zur Gestioun vum Offall opgeworf huet. Éischter eng gutt Zensur fir d’CSV an d’DP, och wann déi nei gréng Deputéiert sech gewënscht huet, datt et méi séier soll goen, notamment wat de de soziale Leasing ugeet.
An hirer Zäit als Deputéiert virun 2023 waren d’Educatioun an d'Santé hir Kärthemen. Dës Woch huet d’Dokteschvereenegung AMMD ugekënnegt, keng nei Konventioun mat der Gesondheetskeess, der CNS wëllen ze ënnerschreiwen. D’Josée huet sech gefrot, wou d’Regierung "hiwëll", well vun den Annoncen am Walkampf wier nach näischt ëmgesat. An hiren Ae misst de Secteur wuel moderniséiert ginn, notamment wat d’Tariffer ugeet, ouni datt eng Zwou-Klasse-Medezin entsteet. "Generell feelt et dem System un Effikassitéit. Et ginn nach ëmmer duebel Behandlunge gemaach, duebel Ënnersichungen, de Parcours vum Patient ass net kohärent ofgeséchert", esou d’Josée Lorsché.
Si hätt net domadder gerechent, nach emol an d’Chamber ze kommen, mee net gezéckt, d’Mandat unzehuelen, esou d’Josée Lorsché. An hiren Ae wier dat nëmmen normal, wann ee mat an d’Wale war. Dat soll een awer net als Kritik un d’Joëlle Welfring ze verstoen, déi hiert Mandat fir en aneren Job ofginn huet. Si hätt eng ganz gutt, engagéiert a gewëssenhaft Aarbecht als Ministesch an dunn als Deputéiert gemaach.
Déi Gréng si bei de Wale vun 2023 vun néng op véier Mandater gefall, wat historesch eng vun de gréisste Walnéierlagen ass, déi et gouf. "D’Angscht ass kee gudde Beroder", esou d’Josée Lorsché op d'Schicksal vun der kommunistescher Partei ugeschwat, déi guer kee Sëtz méi huet. Et géing drëm goen, "gutt ze schaffen", wat hir Parteikolleegen an hiren Ae gutt géinge maachen. Op ëmmer méi Videoe vun de Politiker op den Onlinereseauen ugeschwat, sot d’Josée Lorsché, 64: "D’Kommunikatioun gehéiert dozou, mee mir läit d’Schaffe méi, ewéi no baussen opzetrieden."
Si selwer steet der Partei fir d’Walen 2028 zur Verfügung, mee si wéilt sech net "virdrécken" a sécher net Spëtzekandidatin sinn. Si bleift iwwregens och Éischt Schäffin zu Beetebuerg. Deputéiert a Schäffin si wier vill Aarbecht, mee dat kréich een ënnert een Hutt. Ëmsou méi, well si och net ewéi an der Vergaangenheet gläichzäiteg Fraktiounscheffin ass.
Invité vun der Redaktioun: Josée Lorsché
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.