WebinarJonker a Corona-Zäiten: Wat sinn déi gréisst Defien?

Claudia Kollwelter
Monica Camposeo
Déi Fro stoung am Zentrum vun engem Webinar, dee vum Educatiounsministère zesumme mam Radio 100,7 organiséiert gouf.
Jonker a Corona-Zäiten
Déi Fro stoung am Zentrum vun engem Webinar, dee vum Educatiounsministère zesumme mam Radio 100,7 organiséiert gouf.
Wéi ginn déi Jonk an d'Schoulen duerch d'Pandemie gepräägt? Am Fokus stoung d'Schoul, mee och d'Wuelbefanne vun de Jonken war e Sujet.
Den Homeschooling war am Fréijoer fir jiddereen eppes Neies, huet den Direkter vum Arts et métiers, Fabrice Roth, ënnerstrach. Natierlech misst een deen neien Tool upassen a verbesseren. Och an Zukunft misst een do mat verschiddene Modeller schaffen:

Wa mer soe verschidde Fächer, setze mer an den Homeschooling, an heiansdo si se an der Klass. Bei anere Fächer geet dat awer guer net.

An den Ae vum Fabrice Roth gehéiert de Schüler awer kloer an d'Schoul:Dee sozialen Austausch an Encadrement kréie mer doheem net hin. Mir hunn Elteren, déi hunn d'Chance doheem ze sinn an de Kanner kënnen ze hëllefen. Mee mir hunn och Elteren, déi net doheem sinn oder wou méi Kanner doheem sinn, wou den Encadrement vun de Schüler net ka gemaach ginn. Fir mech ass kloer: D'Schoul soll opbleiwen, soulaang et nëmme geet.

Nieft der Schoul ass et awer och ëm d'Wuelbefanne vun deene Jonken gaang. Der Jugendfuerscherin op der Uni Lëtzebuerg Caroline Residori no huet eng Ëmfro vun hinnen erginn, datt et de Jonke schwéier Fält positiv Aspekter vun der Kris ze nennen:

Ech mengen, et gëtt keng aner Liewensphase wéi d'Jugend, wou ee sou op den Austausch an déi sozial Kontakter ugewisen ass. A genee do spiere se de Verloscht immens. Mee se probéieren hiert Bescht. Si soen, et géif hinne schwéier falen, mee se verstinn, et a kënnen eenzel positiv Aspekter eraus zéien.

Dozou zielt zum Beispill, datt se méi Zäit mat der Famill konnte verbréngen oder Saachen maache konnten, fir déi se soss keng Zäit haten. Aus der Ëmfro geet awer och ervir, datt manner Jonker d’sozial Ënnerstëtzung duerch d’Famill als héich bewäerten:

Dat heescht, vläicht sinn d'Elteren och net alles. D'Famill ass also méi grouss ze gesinn a si spieren trotzdeem, datt hinnen eppes feelt.

Net just duerch d'Donnéeën, déi d'Uni Lëtzebuerg gesammelt huet, mee och international wier ze erkennen, datt d'Ängscht och bei de Jonken an d'Luucht ginn, huet d'Caroline Residori nach betount. Ëm déi 4.000 Jugendlecher goufen vun der Uni Lëtzebuerg befrot.

PDF: Rapport mat den éischte Resultater vun der Etüd

Back to Top
CIM LOGO