"Move – Deng Vakanz, däi Sport"Jonken d‘Méiglechkeet ginn, sech méi ze beweegen

Chris Meisch
"Et ass wichteg, datt Kanner a Jonker erëm méi direkt Kontakter hunn, sech perséinlech begéinen a gemeinsam Erfarunge sammelen“, heescht et vum Educatiounsminister Claude Meisch.
© Chris Meisch

“Move – Deng Vakanz, däi Sport“, heescht den neie Programm vum Educatiounsministère, deen an Zesummenaarbecht mam SNJ, dem Service national de la jeunesse, am Kader vun der Initiativ Screen-Life-Balance, lancéiert gouf. D‘Zil ass et, Kanner a Jonken Alternativen zu den Ecranen unzebidden, besonnesch wärend de Schoulvakanzen. Move ass Deel vun der Campagne “Manner Ecran – méi beweegen, entdecken, erliewen” vum Educatiounsministère.

PDF Schreiwes Educatiounsministère

MoVe ass eng konkreet Initiativ, déi de Jonken d‘Méiglechkeet gëtt, sech méi ze beweegen a gemeinsam Aktivitéiten ausserhalb vun der digitaler Welt ze erliewen, betount den Educatiounsminister Claude Meisch. Wärend de Schoulvakanzen hu Jonker méi Fräizäit, gläichzäiteg halen awer vill Sportsveräinermat hire reegelméissegen Aktivitéiten op. Genee hei setzt MoVe un, andeems d‘Initiativ, eng fir Kanner a Jonker zougänglech Sport-Offer virun allem wärend de Schoulvakanzen, besonnesch am Summer, ubitt.

Eng Etude aus engem Lëtzebuerger Lycée huet erginn, dass d‘Schüler am Alter vu 16 Joer, an enger Vakanzewoch an der Moyenne 6 Stonnen den Dag um Ecran verbréngen, verschiddener bis zu 13 Stonnen.

„Et muss ee wierklech attraktiv aner Aktivitéiten ubidden, déi mam Reiz vum Smartphone kënne mathalen. An dorëms geet et och hei bei „Move – Deng Vakanz, däi Sport“, wierklech flott Beweegungsaktivitéiten ze maachen, wou déi Jonk sech kënne beweegen, wou si beienee fannen, sozial Kontakter kënnen hunn, Frëndschafte kënne schléissen, einfach genial Erfarungen iwwer eng Summervakanz maachen. Dorunner denkt een nämlech nach Joren duerno. Un déi Stonnen um Smartphone huet ee puer Minutten duerno scho vergiess.“

MoVe setzt de Fokus op d‘Entdecken, d‘Freed an d‘Beweegung an net op d‘Leeschtung. Besonnesche Wäert gëtt op d‘Diversitéit vun der Offer geluecht an op d‘Entdecke vu Sportaarten, déi am traditionelle Schoulsport manner vertruede sinn. Vu Selbstverdeedegung a Mountainbike, bis hin zu moderne Sportaarten ewéi Parkour, Ultimate Frisbee oder Calisthenics. Dobäi kommen och Aktivitéiten ewéi Yoga a Zumba, souwéi Kampfsportaarten ewéi Muay Thai oder Jiu-Jitsu. Aktuell ëmfaasst de Programm eng 50 verschidden Aktivitéiten, déi an dräi Formater opgedeelt sinn, wéi den Direkter vum SNJ, Georges Metz, erkläert.

“Wärend de Sportcamp, do entdecke si ënnert engem Theema verschidde Sportaarten. Dat si Sequenze vu 4-5 Deeg hannerteneen, wou déi Jonk Owes rëm Heem schlofe ginn, dat ass ouni Iwwernuechtung. An dann hu mir Themewochen, do sinn haaptsächlech Mëttes Aktivitéiten, wou ech mech fir een Dag, zwee, dräi oder véier, aschreiwen an do ass een an engem Domaine, zum Beispill Fitness.”

Da ginn et och nach eenzel Eventer, déi dat ganzt Joer, och ausserhalb vun de Schoulvakanzen organiséiert ginn. Den SNJ schafft schonn elo mat 30 Associatiounen, Veräiner a Federatiounen zesummen a plangt, dëse Reseau an de kommende Méint weider auszebauen. D‘Aktivitéite riichten sech u Kanner a Jonker tëscht 8 an 23 Joer a ginn am ganze Land organiséiert, zum Deel och am Ausland.

Wann een no der Aktivitéit eng Sportaart weidermaache wëll, kann den SNJ op Ufro de Kontakt mat engem Sportsveräin hierstellen, fir eng reegelméisseg Praxis ze erméiglechen. Fir d’Accessibilitéit ze garantéieren, bleiwen d’Participatiounskäschten niddereg: 5 Euro fir eng Hallefdagsaktivitéit an 10 Euro fir eng Ganzdagsaktivitéit.

Déi éischt Aktivitéite fänken ewell an der Ouschtervakanz un.

Umelle kann ee sech um Internetsite move.snj.lu.

Back to Top
CIM LOGO