DéifferdengJonke Mann krut vun Onbekannte säin Handy geklaut

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend goufen 2 Männer an der Rue Emile Mark iwwerfall. D'Täter hu versicht, hinnen d'Telefone mat Gewalt ze klauen.

Trotz Géigewier ass et den Onéierleche gelongen, een Handy matgoen ze loossen. Si hu sech a Richtung Gare aus dem Stëbs gemaach. D'Affer goufe beim Virfall liicht blesséiert. Wéi d'Police schreift, haten d'Täter eng donkel Joggingsbox a Jackett, Masken an Händschen un.

Eng weider Kéier hunn d'Beamte vun der Police zu Rodange missen intervenéieren. An der Rue de l'Industrie ass enger Patrull en Automobilist duerch säin onséchere Fuerstil opgefall. Wéi hie kuerz dorobber e Gerüst vun enger Baustell ze pake krut, gouf de Chauffer vun der Police gestoppt. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, e Fuerverbuet gouf ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO