Dat dréchent a waarmt Wieder vun de leschte Wochen huet och een Impakt op d'Wënzer. Dëst Joer kéint d'Drauwelies deemno wéi schonn Enn August ufänken. D'Quantitéit dierft niddreg, d'Qualitéit awer gutt ausfalen. Dat sot de President vun de Lëtzebuerger Privatwënzer Jeff Konsbrück e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Wäisecteur steet iwwerdeems virun enger Partie Erausfuerderungen, d'Sich no Saisonsaarbechter gëtt ëmmer méi schwéier, an esouwuel d'Zuel vun de Betriber wéi och den Alkoholkonsum ginn zeréck.
Als Lëtzebuerger Privatwënzer hätt een eng 60 Memberen, dorënner wieren awer och eng Partie Drauweverkeefer, sou datt ee 45 bis 50 Memberen hätt, déi nach Wäin hierstellen. Wann d'Zuel u Betriber zeréckgeet, ginn déi, déi nach iwwreg bleiwen, méi grouss. Et wier awer guer net sou evident, déi Flächen ënnerhal ze kréien, esou de President vun de Lëtzebuerger Privatwënzer Jeff Konsbrück, fir dee sech de Secteur bannent enger Generatioun zimmlech verännert huet.
"Da brauch ee rëm méi Leit, déi schaffen oder et muss ee rëm méi maschinell maachen. An d'Betriber gi jo scho vill méi grouss. Wann ech kucken, déi Zäit vu mengem Papp, do waren d'Privatwënzer tëscht 5 an 8 Hektar d'Familljebetriber, haut bass de locker bei 10 bis 12 Hektar an deelweis vill méi grouss. Ech kenne vill Betriber, déi mëttlerweil iwwer 15 Hektar si bei de Privatwënzer."
Wat d'Lies ugeet, géing een zwar ëmmer méi maschinell schaffen, mee beim Crémant dierft zum Beispill just mat der Hand gelies ginn. A jee no Wënzer wier dat och bei aneren Zorten de Fall.
Saisonsaarbechter wieren ëmmer méi schwéier ze fannen a se kéime vun ëmmer méi wäit hier, virop aus Rumänien, deels awer och aus der Ukrain. Dat géing deels zu Sproocheproblemer féieren, well déi Leit, am Géigesaz zu de Polen, dacks net vill oder guer keen Däitsch schwätze géingen. Virun deem Hannergrond wier ee frou, datt gesetzlech Vereinfachunge fir d'Astelle vu Saisonsaarbechter komme sollen. Dozou gehéiert zum Beispill, datt dës net méi hei zu Lëtzebuerg bei den Aarbechtsdokter goe mussen, mee einfach ee Certificat vun engem Dokter aus hirem Heemechtsland duergeet. Et géing ee bedaueren, datt déi Ännerungen net scho fir dëst Joer gëllen an et kéint een net ganz verstoen, firwat d'Landwirtschaftskammer bis de 16. Juli gebraucht huet, fir hiren Avis virzeleeën.
Datt d'Leit generell manner Alkohol drénken, wier eng Erausfuerderung. Den alkoholfräie Wäin ass trotzdeem nach ëmmer éischter een Nischeproduit, ma dofir géing et e puer Grënn ginn.
"Éischtens mol, mir kennen eis als Wënzer selwer nach guer net domadder aus als Wënzer, do läit d'Kromm an der Heck. Et gëtt lo nei Verfaren, fir et ze maachen, et ass lo mat Aromarückgewinnung, well wann een destilléiert, da verléiert een Aroma an et gi lo Verfaren, wou een dat zeréckgewanne kann. An et ass wéi wann een engem Kach seet, kach ouni Salz, Alkohol ass ee Geschmacksträger an dofir ass et méi schwéier dat rëm opzefänken herno. Oft gëtt dat rëm mat Zocker opgefaangen, wat a mengen Aen awer och net ëmmer dat gesondst ass."
D'Leit géingen och ëmmer méi Wäert op eng héich Qualitéit beim Wäi leeën. Do misst ee sech zu Lëtzebuerg net verstoppen, d'Verhältnis tëscht Präis a Leeschtung géing am Verglach mam Ausland op alle Fall stëmmen.
Loft no uewe gesäit de Jeff Konsbrück nach bei de Gîtten, déi d'Wënzer opriichten dierfen. Et sollt méiglech sinn, datt ee Betrib méi wéi just 1 bis 2 Gîtte bauen dierf an et sollten och méi grouss Konstruktiounen erlaabt ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.