Der Naturverwaltung no géifen den Ament eng 150 där Déiere flächendeckend fir Schued suergen. Rieds geet vu Verbassschued vun der Naturverjungung vun de jonke Buchen. Ma fir d'Jeeërfederatioun ass d'Populatioun, déi haut bei Iechternach ass, net genuch erfaasst ginn, esou den Dr. Georges Jacobs, President vun der Jeeërfederatioun. Si wieren net averstane mat der Aart a Weis, wéi een elo virgeet, well den "Ist-Zoustand" aktuell, wier net festgeluecht ginn. Et wieren alles al Zuelen, a wann een de Schued géif kucken, da wier dat dee vun de leschten 10 Joer, sou den Här Jacobs. Et misst elo e Wëld-Management-Plang gemaach ginn a gekuckt ginn, wéi d'Populatioun elo ass.
Fir d’Jeeërfederatioun feelt et un Zesummenaarbecht. Wann een sech géing zesummen un en Dësch sëtzen, géing sécher eng Léisung fonnt ginn. Kritiséiert gëtt och datt d'administrativ Juegd nëmmen op engem Lous soll ofgehale ginn. Wann dee Jeeër, deen dat Lous elo gesteet huet, elo forcéiert gëtt Suen auszeginn, fir dës administrativ Juegd, da wäert d'Jeeërfederatioun him och Rechtsbäistand ginn, sou den Dr. Georges Jacobs.
D’Naturverwaltung gesäit bei de Muffelen awer och nach e weidere Problem an Argument fir eng administrativ Juegd. Well d’Déieren hei net eenheemeg sinn, wieren hier Liewenskonditiounen hei och net gutt.
Dr. Laurent Schley, Biolog bei der Naturverwaltung: Si komme vu Corsica an Sardinien, wou si a Fielsregiounen liewen. An do notzen sech hir Huffen oof. Op engem mëllen Ënnergrond wéi hei am Bësch kann dat net geschéien an dann kréien déi Huffen ganz schrecklech Auswiiss.
Dr. Georges JACOBS, President vun der Jeeërfederatioun: Dat ass e marginalen Problem. Déi Leit déi eppes dovunner kenne soten, dass si dat schonn emol gesinn hunn, mee ech hunn och scho Réi a Schwäin gesinn, déi och Féiss hate mat laange Kloen. Also déi Leit déi eppes domadder ze dinn hunn soen, dass dat e marginalen Problem ass.
Vu Säite vun der Jeeërfederatioun fuerdert een also méi Seriositéit beim Festleeë vum Bestand, vum Zil, a wéi een dës Situatioun zesummen optimal reegelt.