Invité vun der Redaktioun (17. Abrëll) - Jean-Michel CampanellaMieterschutz kritiséiert d'Politik: "Si erkennen d'Urgence net"

Annick Goerens
E Freideg de Moie war de Locatiounsmarché Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Jean-Michel Campanella
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et ass eng konstant Hausse a bei verschidde Leit mécht de Loyer souguer 40 Prozent vun hirem gesamte Revenue aus, an dat nëmme fir sech ze logéieren. Dat sot de Jean-Michel Campanella e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Virop Leit, déi mam Mindestloun musse liewen oder elengerzéiend Eltere wiere besonnesch concernéiert. Et misst ee sech d’Fro stellen, “mussen d’Salairen an d’Luucht goen oder missten d’Loyeren erofgoen?”

Déi meescht Leit, déi sech beim Mieterschutz mellen, hätten Angscht virun enger Expulsioun. Dat wier awer meeschtens och geknäppt un eng Hausse vum Loyer. Dacks géingen d’Leit kontaktéiert ginn, well de Proprietär seet, hie wéilt elo 500 Euro méi. Dobäi géing et awer Reegele ginn. Et dierf een net wéi wéi 10 Prozent all 2 Joer froen. “Mee et ginn ëmmer nach Leit, déi et versichen.” Verschiddener wéissten et einfach net, mee anerer soen dann zum Locataire “wann s de wëlls bleiwen, bezils de méi oder ech soen, ech hätt e Besoin personnel.” Am Deierste wier et iwwregens nach ëmmer an a ronderëm d’Stad.

Ëmmer méi Leit mussen iwwer d’Grenz

Wann een e Loyer hätt, deen ee sech leeschte kann, en plus wann d’Kanner gutt an der Schoul oder an der Crèche placéiert sinn an een dann op eemol gesot kritt, et misst ee sech eppes Neies sichen, dat wier e Schock. Da probéieren d’Leit et awer iergendwéi ze bezuelen oder si ginn hannert d’Grenz. Dat wier ëmmer méi dacks de Fall, och bei “richtege Lëtzebuerger”, erkläert de Jean-Michel Campanella. Déi eng Säit géif een Talenter siche fir KI, fir déi digital Transformatioun virun ze dreiwen, mee wann déi Talenter sech de Loyer net leeschte kënnen, da géinge se léiwer op Paräis oder London goen, wou se méi Méiglechkeeten hunn.

Politik erkennt d’Urgence net

En Donneschdeg war d’Logementskommissioun vun der Chamber endlech beieneen, nodeems se puer mol annuléiert gi war. Dovu behält de President vum Mieterschutz just zeréck, dass “datt an der Politik nach net déi gréisst Urgence hei am Land ass, am Géigendeel zu der Bevëlkerung.” An dat obwuel et an de Sondagen ëmmer op Plaz 1 vun de gréisste Suerge wier. Vill Leit wiere sech bewosst, dass hir eege Kanner warscheinlech net kënne Proprietär ginn an deemno net am Land bleiwen, wann den Trend esou weider geet. “Mee et ass net an zwee bis dräi Joer, wou mer eppes brauchen, et ass elo direkt, wou d’Leit fortginn an näischt fannen”, erkläert den Invité.

D’Mietgesetz muss endlech applizéiert ginn

De President vum Mieterschutz bedauert, dass bestoend Gesetzer net applizéiert ginn. Nom aktuelle Gesetzestext dierf de Loyer maximal 5 Prozent vum investéierte Kapital ausmaachen. “Ech géing proposéieren, mir géifen dat Gesetz elo applizéieren, well dat géing Beweegung am Marché bréngen.” Dat wier natierlech eleng kee Wonnermëttel, mee et misst een och un eidelstoend Wunnenge goen. Do hätte scho vill Leit Proposen dozou gemaach, mee da géing gesot ginn, do kéint een näischt maachen, d’Gemenge kéinten dat net kontrolléieren. Am Ausland géing dat awer goen, firwat elo net hei, freet sech de Jean-Michel Campanella.

E gutt Beispill: Bréissel

Zu Bréissel hätt een do eng interessant Mesure. Do géing gekuckt ginn, wien huet eidel Appartementer, déi net weiderverlount ginn an déi, déi weiderverlount ginn, do gi Kontrolle gemaach. Et gi Manunge gemaach an do gëtt de Leit proposéiert, wou se kéinten eng Renovatioun maachen. Do ginn et Hëllefen, a wann no X Méint näischt gemaach gëtt, da ginn et nees Manungen. An esou eng Politik kéint nach e puer honnert Wunnenge mobiliséieren, gëtt de President vum Mieterschutz ze bedenken.

Wou bleift eng national Loyerskommissioun?

Et bräicht och endlech eng national Loyerskommissioun. “An déi net nëmme géif Loyere kucken, mee och d’Problematike mat de Chargen, d’Problematike mat der Garantie locative, déi een net ëmmer zréck kritt an déi esou eng Mediatiounsstell wär tëschent deenen zwou Parteien.” Sou kéint een op kreativ Léisunge kommen, amplaz ëmmer viru Geriicht ze goen, sou de Jean-Michel Campanella.

E Freideg de Moie war de Locatiounsmarché Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO