No der Demissioun vum Käerjenger Buergermeeschter annoncéiert sech e weidere gréissere Remaniement: zu Péiteng ass et de Jean-Marie Halsdorf, deen no bal 40 Joer an der Politik säi Mandat als Gemengepapp wäert opginn.
Wéi de fréieren CSV-Minister RTL géintiwwer confirméiert, bleift et bei senger Decisioun, datt hien net wäert bis d’nächst Gemengewale waarden, bis hie säi Mandat ofgëtt, mee dass dat soll d’nächst Joer geschéien.
E méiglechen Datum kéint den 1. Februar sinn, wann de Jean-Marie Halsdorf da säi 70. Gebuertsdag feiert.
Successeur vum laangjärege Péitenger Buergermeeschter gëtt den Zweete Schäffen André Martins Dias. Lokal Rumeuren, datt d’Véiert Schäffe Maria Agostino de Poste géif iwwerhuelen, krut RTL dementéiert.
De Jean-Marie Halsdorf trëtt als politescht CSV-Schwéiergewicht of, nodeem hien ewell 1988 zu Péiteng an de Gemengerot gewielt gouf, schonn emol Ugangs den 2000er Buergermeeschter war an zanter 1994 och op der Südlëscht an d’Parlament gewielt gouf.
Tëscht 2004 an 2013 war de Politiker och fir verschidde Portefeuillen an der Juncker/Asselborn-Regierung zoustännege Minister, ënnert anerem fir d’Defense an den Interieur.
Bei de leschte Chamberwale war de geléierten Apdikter net méi matgaangen, fir sech komplett op säi kommunaalt Mandat ze konzentréieren. Déi Ära geet deemno d’nächst Joer op en Enn.