D’Verschlechterung vun der mentaler Gesondheet bei de Jonken ass eng vun de Prioritéiten, déi sech déi nei Spëtzt vun de jonke Gréngen op de Fändel geschriwwen huet. E Social media-Verbuet gesäit déi gréng Jugendpartei awer kritesch. Ënnert anerem doriwwer schwätze mer een Dag virum grénge Kongress mat der neier Co-Spriecherin vun de jonke Gréngen Jasmine Winandy. Si ass um 8 Auer eis Invitée vun der Redaktioun. Donieft geet et ënnert anerem ëm de politeschen Engagement vu Jonken a wat déi jonk Gréng maachen, fir datt déi sech grad bei hinnen eng Memberkaart huelen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.