Déi zweet Well huet Europa an och Lëtzebuerg fest am Grëff. Och no méi wéi engem hallwe Joer Pandemie bleiwe vill Froen. Dir kënnt se dem Expert stellen, dem Direkter vun der Santé.
Wéi kann ee sech virun enger Infektioun schützen? Wéi ass d'Situatioun an de Klinicken? Wéi eng sanitär Mesurë sinn adequat? Dat ware just e puer vun de Froen.
Et sinn immens vill Froen erakomm, mir bieden ëm Versteesdemech, dass mer se net all wärend der Emissioun stelle konnten.
