PoliceIwwerfäll an Abréch queesch duerch d'Land

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Samschdeg an an der Nuecht op e Sonndeg zu e puer Iwwerfäll an Abréch.
© RTL Archivbild

Géint 17 Auer gouf ee Jugendlechen zu Mamer vun 3 Onbekannte geschloen a beklaut. Hie krut den Handy, Gezei an e puer aner Géigestänn geklaut. Eng Sichaktioun hat kee Succès. Et gëtt ermëttelt.

Géint 19.30 Auer gouf e Mann tëscht der Kinnekswiss an dem Parking Glacis vun e puer Persounen op de Buedem geheit. Si hu säi Portmonni verlaangt, ma wéi 2 Jugendlecher sech agemëscht hunn, fir dem Mann ze hëllefen, sinn déi presuméiert Täter fortgelaf.

Kuerz no 3 Auer krut e Mann an der Uewerstad an der Rue Notre-Dame säi Portmonni geklaut. Bei den Täter handelt et sech wuel  ëm 2 Männer an 2 Fraen, déi sech a Richtung Place Guillaume ewech gemaach hunn.

Abréch

Tëscht 15.30 an 23.45 Auer e Samschdeg den Owend gouf an een eidelt Haus zu Monnerech agebrach. D'Terrassendier gouf wuel opgebrach. Nodeems d'Noperen zum Virfall befrot gi sinn, hunn d'Policebeamten festgestallt, dass och nach an een anert aus agebrach gi war. Hei huet et sech ëm ee weidert eidelt Haus gehandelt. Den Obekannten ass duerch den Daach an d'Haus geklommen.

Tëscht 17.30 an 19 Auer koum et zu engem Abroch an en Eefamilljenhaus um Cents um Boulevard Jules Salentiny. Den Täter hat eng Balconsdier um éischte Stack opgebrach.

Géint 4.30 Auer koum et nach zu engem Abroch an e Reienhaus zu Ëlwen. Hei gouf eng Fënster an der Garage, déi op Kipp stoung, opgebrach. D'Ermëttlunge lafen.

A sämtleche Fäll gouf d'Spueresécherung vun der Police geruff.

Back to Top
CIM LOGO