"Devoir de vigilance"Initiativ fuerdert eng koherent Ëmsetzung vun der europäescher Direktiv iwwert d'Suergfaltsflicht

Diana Hoffmann
Betriber sollen an d'Verantwortung geholl gi wat Mënscherechter, Klima an Ëmwelt ugeet.
De Jean-Louis Zeien
De Jean-Louis Zeien
© Diana Hoffmann

D’Initiativ “Devoir de vigilance” fuerdert eng kohärent Ëmsetzung vun der europäescher Direktive iwwert d’Suergfaltsflicht duerch déi d’Betriber, wat Mënscherechter, Klima an Ëmwelt ugeet, an d’Verantwortung solle geholl ginn.

D’Initiativ, déi aus 16 ONGe besteet, wëllt e méi strenge Kader, eng onofhängeg Kontrollinstanz an eng staark zivilrechtlech Haftung. Lëtzebuerg soll hirer Meenung no a sengem nationalen Aktiounsplang méi wäit goen, wéi d’Direktiv dat aktuell virgesäit.

Zum Beispill soll och de Finanzsecteur oder sougenannte Risikosekteuren, wéi d’Cyber-, Porno- oder Militärindustrie responsabiliséiert ginn. Da soll d’Direktiv och net just fir Betriber gëlle vu 5.000 Employéen an engem Chiffre d’affaires vun 1,5 Milliarden un, mee vun 1.000 Employéen an engem Chiffre d’affaires vu 450 Milliounen un.

© Diana Hoffmann

Back to Top
CIM LOGO