En Dënschdeg de Moie war eis éischt Emissioun “Invité vun der Redaktioun SPEZIAL": méi aktuell, méi flexibel a virun allem méi no un der Aktualitéit. Dës Emissioun ersetzt de Presseclub, dee soss jo am Zwou-Woche-Rhythmus Sonndes gelaf ass.
Invitéiert waren d’Chefredaktere vum Wort a vum Tageblatt: d’Ines Kurschat an den Armand Back. Sujete waren déi nächst grouss politesch Dossiere vun der Regierung, déi international Aktualitéit an den Droit à l’oubli mat Referenz op d’Affär vum N. RTL däerf de Numm vum Ex-President vun der fréierer Bréifdréieschgewerkschaft FSFL jo net méi nennen, duerch een Urteel vum Cassatiounsgeriicht vun November 2025.
Am Neijoerschinterview hei op RTL hat de Luc Frieden jo gesot, hie géing sech op dräi Joer mat méi einfachen Dossiere freeën. Ass dat Wonschdenken? D’Ines Kurschat mengt schonn. Schliisslech géing et am Gesondheetssecteur rumoueren an och mat engem neien Aarbechtsminister géing de Sozialdialog aktuell nach ëmmer mat bilaterale Gespréicher lafen an net zu dräi mam Patronat an de Gewerkschaften. Grad d’Gesondheetsversuergung wier fir d’Populatioun ganz wichteg an do géingen et vill Defiziter ginn. Mat den Dokteren hätt een och keng Eenegung fonnt, dat wier schonn “Sprengstoff”. Och d’Ëmsetze vun der Pensiounsreform wier fir d’Pensiounskeess CNAP net evident. “Also et ass net ëmmer alles sou schéin, wéi et glänzt,” seet d’Chefredaktesch vum Wort. Allerdéngs misst een der Regierung zegutt halen, dass si ëmmer ganz pénktlech wier mat der Ëmsetzung vun de Reformen. De Luc Frieden géing sech ëmmer méi optimistesch ausdrécken, fënnt den Armand Back, mee effektiv géingen nach vill schwéier Dossiere waarden. Virop misst een elo Vertrauen nees opbauen, wat futti gaangen ass. D’Aarbechtszäitorganisatioun wier och komplizéiert an technesch. Donieft misst een onbedéngt d’Logementskris nees an de Fokus réckelen.
Punkto Logement missten d’Lëtzebuerger sech all eng Kéier gutt an de Spigel kucken, well do géing et ëm den Eegentum goen a wéi mir dee bewäerten. D’Lëtzebuerger wéilten hiert eegent Haus a géingen dofir och bis an d’Ausland fueren, mee d’Regierung misst promouvéieren, dass och Mietwunnengen gutt sinn, fir ze liewen an dass een sech dofir net muss schummen. Do géing et kee richtege politesche Wëlle ginn, dat unzepaken. “Ech sinn haut duerch d’Stad getrëppelt, zu Bouneweg. An kuckt Iech do mol dee Leerstand un. A mir hunn ëmmer nach eng Buergermeeschtesch, déi sech weigert, fir e Leerstandsregister ze maachen.” Den Armand Back fënnt et net richteg d’Verantwortung do op d’Leit an d’Lëtzebuerger Mentalitéit ze drécken. Dat wiere scho politesch Decisiounen, déi ee misst huelen. Donieft wiere mëttlerweil vill Lëtzebuerger zefridden, wa se schonn an engem “hallefweegs OKen” Appartement géinge wunnen, erkläert de Chefredakter vum Tageblatt.
Wat de Sozialdialog ugeet, kritiséiert d’Ines Kurschat och den Toun vun de Gewerkschaften. Si hätten näischt dofir gemaach, fir d’Atmosphär ze entschäerfen. Verschidden Téin vun de Gewerkschaften hätte si perséinlech als Biergerin och irritéiert an déi hätten net misse sinn. “Ech fannen net, datt eng Gewerkschaft och bei allem Onmutt iwwer politesch Féierung, sech verschiddene Outile sollt uneegnen, déi mir am politeschen Extreme-Feld erëmfannen”. Den Armand Back verdeedegt Gewerkschaften, si hätte sech ferm ugegraff gefillt an den Ex-Minister Mischo hätt punkto Kommunikatioun grouss Feeler gemaach. Schlussendlech hätt et jo dann och eng grouss Demonstratioun ginn.
De 27. November huet d’Cassatiounsgeriicht een Urteel aus dem Joer 2024 confirméiert, wat uechter déi ganz Lëtzebuerger Press fir Onmutt gesuergt huet. Den Numm vum Här N dierfe Journaliste vun RTL net méi nennen. Mir dierfen och kee Bild méi vum Ex-President vun der FSFL weisen. Aner Medien dierfen, mee Tageblatt hätt och esou een “frëndleche Bréif” vum Affekot vum Här N. kritt, mee géing den Numm awer weider nennen a sech wieren, erkläert den Armand Back. Den Droit à l’oubli wier op alle Fall eng Erausfuerderung fir d’Redaktiounen, erkläert d’Ines Kurschat. Et géing ee méi Ufroe kréie vu Leit, déi op eemol hir Fotoen oder Numm wéilten aus Artikelen eraushuelen. Si hätt vläicht eng Kéier eppes gestiicht a wieren elo um gudde Wee a wéilten dann, dass dat geläscht gëtt. Allerdéngs misst elo etabléiert ginn, ob een dat maache kann, wann et eng Persoun aus der Zäitgeschicht ass. Iwwer déi misst een nämlech fräi sinn ze beriichten, mat dem vollen Numm. D’Wort géing de Numm vum N. allerdéngs net nennen a sech un d’Rechtsspriechung aus der Kassatioun halen. Den N. wier definitiv eng Persoun aus dem ëffentleche Liewe, déi Lëtzebuerger Geschicht matgeschriwwen huet an doduerch kéint een säin Numm net einfach läschen, sou den Armand Back. Op alle Fall géif jo elo och beim Presserot een Aarbechtsgrupp gegrënnt ginn, fir déi Froen ze klären. Och international Sujete sinn en Dënschdeg de Moien diskutéiert ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.