
Wéinst den Iwwerreschter vun engem Klouschterhaff aus dem fréie Mëttelalter konnt de Projet, esou wéi en ugangs geplangt war, net ëmgesat ginn. Geplangt waren engersäits ee Wunnkomplex mat Akafsméiglechkeeten am fréieren Hotel du Commerce, sou wéi och ee Musée virun der fréierer Petite Marquise. Elo soll awer Beweegung an den Dossier kommen.
An de fréieren Hotel zu Commerce sollen 23 Wunnunitéiten mat Plaz fir Restauratioun a Geschäfter kommen. D’Pläng vun engem private Promoteur, wéi se ugangs virgesi waren, konnte wéinst den historeschen Entdeckungen net ëmgesat ginn. De Promoteur stoung mam Réck zur Mauer, ma et hätt een elo eng Léisung fonnt, esou d’DP-Buergermeeschtesch Carole Hartmann:
Carole Hartmann (DP): Do hu mer eng Modifikatioun gemaach, déi d’Säit vum Hotel du Commerce betrëfft. Wou de Staat mam Promoteur een Accord fonnt huet, fir de Projet, wat d’Wunnengen ugeet, iwwer de staatleche VEFA-Programm opzekafen.
Den éischte Bagger ass dann och schonn op der Plaz: Déi hënnescht Fassad muss nämlech ofgerappt ginn, dat geschitt viraussiichtlech och an den nächsten Deeg. Zousätzlech archeologesch Aarbechte beim fréieren Hotel mussen a 6 Méint ofgeschloss sinn. Wat den zweete Projet bei der Petite Marquise ugeet, gi konkret Iddien nach ausgeschafft, esou d’Iechternacher Gemengemamm:
Carole Hartmann (DP): Et soll, wéi och vum Kulturministère proposéiert, effektiv ee Musée op zwee Niveauen entstoen. Nieft dem Musée wëlle mir als Gemeng een Tourist-Info en place setzen, fir datt mer den Tourist, deen op Iechternach kënnt, och direkt no un der Geschicht drun hunn, fir datt mer dee Musée och gefëllt kréien.
Fir dëst Joer wëll een en neie Projet fir de Musée stoen hunn. Déi politesch Oppositioun zu Iechternach stéiert sech an dësem Punkt allerdéngs scho méi laang un engem Manktem un Transparenz, wéi déi Gréng Conseillère Carole Zeimetz erkläert:
Carole Zeimetz (déi Gréng): Dat, wat mir wierklech gefeelt huet, direkt schonn am Ufank, dat ass emol einfach ze sondéieren bei de Bierger, wat wëlle mer, wat si mer prett dohinner ze huelen. Eis Historiker vun Iechternach, déi wierklech passionéiert sinn a ganz vill Wëssen hunn, do ware Konferenzen, do hate mer Full House, d’Leit waren interesséiert. A vun dohier wiere vläicht ganz aner Iddie mat agefloss.
D’Buergermeeschtesch Carole Hartmann kéint dës Reprochë verstoen:
Carole Hartmann (DP): Ech verstinn dat. Dat ass eng Diskussioun déi mir am Gemengerot gefouert hunn a wou mer och drop reagéiert hunn. Mir hunn elo de Gemengerot an zwou Aarbechtssitzungen, déi eng war schonn, déi aner kënnt am Abrëll, mat agebonnen. An den anere Volet sinn natierlech och d’Bierger déi interesséiert sinn, wéi et op dësem Projet weider geet. An do hu mer elo mam Kulturminister festgehalen, datt mer op der Journée européenne du patrimoine, den 12te Juni, hei zu Iechternach am Trifolion eng grouss Informatiounsversammlung maachen.
Mat Informatiounsversammlungen eleng géif een d’Bierger allerdéngs net genuch mat an d’Boot huelen, preziséiert nach d’Conseillère Carole Zeimetz aus der Oppositioun.