Hôpitaux Robert SchumanHRS reagéieren op Reprochë vun ënnert anerem Mobbing

RTL Lëtzebuerg
An engem anonymme Bréif ware Kriticke a Reprochë gemaach ginn, vun deene sech de Spidolsgrupp distanzéiert huet.

E Freideg hunn d'Hôpitaux Robert Schuman an engem Communiqué op Reprochë reagéiert, déi den Dag selwer am Wort stoungen. Rieds geet do vun engem Bréif, an deem vun Erpressung a Mobbing an de Spideeler vum Robert Schuman Grupp geschwat gëtt.

Wei d'HRS an hirer Reaktioun schreiwen, wier a verschiddene Medien e Bréif vun engem Orthoped zitéiert ginn.

Dobäi huet et sech em en anonymt Schreiwes gehandelt, sou d'Spidol. Den Dokter, deem seng Initiale benotz gi wären, huet een Affekot ageschalt.

Den Affekot huet op RTL-Nofro hi confirméiert, dass säi Mandant de Bréif net geschriwwen huet a sech och wéilt formell vum Contenu distanzéieren, deen eng Diffamatioun géif duerstellen.

D'Spidol schwätzt iwwerdeems vu Calomnie an engem juristeschen Nospill, deen dëse Bréif géing mat sech bréngen. D'Nimm vun den Dokteren, déi och an dem Bréif géinge stoen, hätten dat vollt Vertraue vun den HRS.

Wat de Reproche iwwer d'Etüd vum Jean-Louis Schiltz ugeet, déi och am Wort-Artikel opgegraff goufen, sou géing et keen Interessekonflikt ginn. D'Etüd Schiltz&Schiltz an hir Virgänger géingen zanter 30 Joer de Spideeler juristesch zur Säit stoen.

PDF: HRS reagéiert op

Back to Top
CIM LOGO