Zënter enger knapper Woch ass Lëtzebuerg am partielle Lockdown, ënner anerem den Horesca-Beräich huet missten zouspären. De Weekend war den Ierger plazeweis grouss, wéinst iwwerfëllte Geschäfter, matten an dëser restriktiver Zäit. Och den Horesca-Vetrieder stéisst de Black Friday sauer op. Déi zoustänneg Federatioun fillt sech am Stach gelooss, schwätzt vun héije Käschten a staatlecher Ënnerstëtzung déi net duer géing goen. D'Horesca schreift den zoustännege Regierungsmemberen a stellt kloer Fuerderungen.
De Weekend hätt jidderee gutt Affäre gemaach, ausser den Horesca-Secteur, do bloufen d'Still eidel, wéinst enger forcéierter Fermeture.
D'Federatioun vun den Hoteller, Restauranten a Caféen weist sech an engem Communiqué enttäuscht a verlaangt eng besser Behandlung.