De President Trump hätt säi Vollek auserneegerappt, esou den LSAP-President vun der Baussekommissioun Yves Cruchten, elo bréichte si e President, dee si zesumme bréngt an hinnen nees Courage mécht.
"2016 war d'Joer vun de Populisten, mir haten de Brexit, mir haten den Trump, dee gewielt gouf, kuerz drop de Bolsonaro. Vläicht weist elo d'Corona-Kris de Leit och, dass se net sou gutt dru si mat deene Populisten, well et si grad déi Länner, wou d'Populisten d'Regierung féieren, déi haut net sou gutt do stinn, wéi déi aner Länner."
Eng Victoire vum Joe Biden an e Retour bei de Multilateralismus wier och besser fir de Rescht vun der Welt, hofft den Yves Cruchten, grad wéi och den CSV-Deputéierte Claude Wiseler.
"D'Amerika huet sech zréckgezunn an huet am Fong eppes gemaach, wat fir Europa, mä och fir Amerika net gutt war, si huet anere Länner Plaz gelooss. China huet déi Plaz ageholl, déi Amerika fräigelooss huet. Dat hunn ech ëmmer regrettéiert, ech hoffen, datt, wann den Här Biden gewielt gëtt, déi Politik radikal geännert gëtt an Amerika hir Plaz am Multilateralen zréckhëlt."

Den ADR-Deputéierten a fréieren Diplomat Fernand Kartheiser wëll sengersäits den Amerikaner keng Recommandatioun maachen, wéi si solle wielen.
"Ech hu Vertrauen an déi 2 Kandidaten an an déi amerikanesch Demokratie. Ech gesi weder bei deem engen, nach bei deem anere wierklech Gefore fir déi demokratesch Kultur an Amerika. Si ass anescht wéi hei, dat muss ee kloer gesinn."
