Schouldoheem.luHelpline vill gefrot

RTL Lëtzebuerg
Schouldoheem.lu ass en Tool, deen den Educatiounsministère ausgeschafft huet, fir Elteren a Schüler an dëser schwiereger Zäit z'ënnerstëtzen.
Kanner a Quarantän
Um Site schouldoheem.lu fënnt een elo och eng nei Kategorie "kannerdoheem", mat Aktivitéite fir Kanner, déi net am Kontext vun der Schoul stinn.

Eng vun den Offeren ass eng Helpline, wou nieft technescher Hëllef virun allem psychologesch Ënnerstëtzung gefrot gëtt. Haaptgrond wär Stress doheem, wéi ëmgoe mat der Duebelbelaaschtung vun Télétravail vun den Elteren an dem "e-learning" mat de Kanner.

Iwwer 1000 Uriff goufen et bannent de leschten 2 Wochen, plus 800 Ufroen iwwer Mail. Psychologen an aner Experte sinn all Dag am Asaz an och de Weekend erreechbar.

D'Nummer vun der Helpline ass den 8002 9090.

Back to Top
CIM LOGO