De Confinement ass doudsécher méi liicht z'erdroen, wann een en Hausdéier huet, wat engem Gesellschaft leescht oder mat deem ee ka spadséiere goen. Mä wat maachen, wann d'Déier krank gëtt?

D'Veterinäre schaffen och weider an der Kris, op Rendezvous an nëmme fir Urgencen. Dat heescht, Kastratioune oder d'Rappe vun den Zänn musse waarden. Mä och esou gëtt et méi wéi genuch ze dinn. Mir waren an enger Déiereklinik zu Beetebuerg, fir ze kucken, wéi an der Kris geschafft gëtt.