Nei Daten zu AstraZeneca-ImpfstoffHéich wierksam géint schwéier Krankheetsverleef

Pierre Weimerskirch
Den Impfstoff vun AstraZeneca huet an de leschte Woche vill negativ Schlagzeile gemaach.
Nei Daten zu AstraZeneca-Impfstoff
Den Impfstoff vun AstraZeneca huet an de leschte Woche vill negativ Schlagzeile gemaach.

Neisten Daten aus Groussbritannien weisen, datt de Vaccin schonn no 3 Woche schwéier Krankheetsverleef ka verhënneren, an dat och bei Persounen iwwer 80 Joer.

Enn Januar gouf den Impfstoff vun AstraZeneca vun der europäescher Medikamentenagence Ema ouni Altersbeschränkung zougelooss. A villen europäescher Länner gouf de Vaccin awer net fir Persounen iwwer 65 Joer zougelooss, esou och zu Lëtzebuerg.

Wëssenschaftler vun der Universitéit vun Oxford betounen allerdéngs, dat et ni Indikatioune gouf, datt et bei eelere Leit géif Problemer mam Impfstoff ginn, vill méi gouf et laang net genuch Daten iwwer eeler Leit.

Dat ass mëttlerweil anescht. Donnéeën aus Groussbritannien a Schottland weisen, datt de Vaccin héich wierksam ass fir Hospitalisatiounen ze verhënneren an dat och bei Persoune vun iwwer 80 Joer, wou 80 Prozent manner Hospitalisatiounen ze verzeechne sinn. All dës Date goufen ënnert de reelle Konditiounen erhuewen an och an engem Land, wou déi brittesch Variant zu dem Ament dominant war.

Méi Niewewierkungen?

Fir Lëtzebuerg leien den Ament nach keng Date vir. De Paul-Ehrlich-Institut an Däitschland huet erhuewen, datt et méi heefeg Niewewierkunge beim AstraZeneca-Impfstoff gouf. Experte féieren dat allerdéngs dorop zréck, datt an Däitschland méi jonk Persounen de Vecteurimpfstoff kruten, d'mRNA-Impfstoffer goufe fir déi eeler Leit zeréckbehalen.

Donnéeën aus Groussbritannien weisen och, datt et beim AstraZeneca-Impfstoff méi heefeg Niewewierkunge bei der éischter Dosis gouf, bei der zweeter manner. Bei den mRNA-Impfstoffer wier et genee ëmgedréint. Do kritt ee bei der éischter Dosis manner Niewewierkunge wei bei der zweeter.

De Science Media Center huet an enger rezenter Diskussiounsronn mat Wëssenschaftler iwwert déi neisten Erkenntnisser ronderëm den AstraZeneca-Impfstoff informéiert. De ganze Video fënnt een hei.

Back to Top
CIM LOGO