Dräi Leit haten net iwwerlieftHaut viru 45 Joer ass e Fliger an d'Antenn zu Diddeleng geflunn

RTL Lëtzebuerg
Den 31. Juli 1981 ass eng belsch Militärmaschinn vum Typ Mirage 5BR mat héijer Vitess an d’RTL-Antenn um Diddelenger Gënzebierg geflunn.

Dräi Leit hunn am Accident hiert Liewe gelooss. D’Hallschent vum 300 Meter héije Pylon ass ofgebrach an op d’Déngschthaus vun engem RTL-Techniker gefall. Dee war deen Ament grad amgaangen, mat senger Famill zu Mëtteg ze iessen. Fir d’Koppel a fir de Pilot vum Fliger kënnt all Hëllef ze spéit.

Op enger Wiss nieft der Antenn hu sech am Moment vum Accident eng ganz Rei Kanner opgehalen, déi Zeie vum Ongléck goufen. De Jerry Klein, deemools 9 Joer al, erënnert sech an der Emissioun "Hashtag History" un dee schlëmmen Dag. De Christian Flammang war als Pompjee op der Onglécksplaz, an huet eis d'Evenementer aus senger Vue erzielt.

Back to Top
CIM LOGO