ChamberHaut gëtt iwwert d'Verlängere vun de Covid-Restriktiounen ofgestëmmt

RTL Lëtzebuerg
Se gëlle jo da weider 3 Wochen, bis den 2. Abrëll.

Am Beräich vun der Schoul kommen zwou Mesurë bäi, déi elo net méi just als Recommandatioun, mee eben als Flicht gëllen. Nämlech d‘Undoe vun enger Mask am Unterrecht vum 2. Cycle an der Grondschoul un, an d’Méiglechkeet vun Alternance-Klassen am ieweschte Cycle vum Secondaire.

Fir de Rescht gëlle weiderhin déi bal scho gängeg Reegelen, wéi de Couvre-feu tëscht 23 Auer a moies 6, der Fermeture vum Horesca-Secteur, an dem Verbuet an der Ëffentlechkeet, fir Alkohol ze drénken. A weiderhin däerfen och just maximal zwou Persounen aus dem selwechte Stot bei een Heem kommen.

Back to Top
CIM LOGO