"Keng Panik, awer Beonrouegung"Hausse vun Energiepräisser belaascht d'Transportindustrie

Chris Meisch
De Präis vum Diesel ass aktuell eng grouss Erausfuerderung.

D’Präisser fir de Pëtrol klammen zanter Méint an dat huet och direkt Repercussiounen op d’Transportindustrie, an där pro Joer Fudder un Diesel getankt ginn.

Hausse vun Energiepräisser belaascht d’Transportindustrie / Chris Meisch

Den aktuellen Dieselpräis géing zwar keng Panik, awer Beonrouegung ausléisen, heescht et vun enger grousser Lëtzebuerger Transportfirma. D’Pëtrolspräisser hunn zwar nach net hiren historesche Rekord erreecht, mee si klammen aktuell esou séier wéi zanter Joren net méi an dat suergt fir grouss Onsécherheet an der Branche.

Nodeems sech d’Situatioun am Transportsecteur no den Auswierkunge vum Ukrain-Krich lues a lues berouegt hat, war den Drock net méi esou grouss wéi nach virun dräi Joer. Mat den neien internationale Spannunge kënnt elo awer erëm Onsécherheet an d’Branche – an d’Angscht, datt d‘Kris nach kéint méi schlëmm ginn, erkläert de Ben Frin, Finanzdirekter bei enger grousser Lëtzebuerger Transportfirma.

“Dat léist bei eis keng Panik, awer Beonrouegung aus. Wat mir perséinlech méi Suerge mécht, ass, mir wëssen aus der Vergaangenheet, no 2022, wou den Ukrain-Krich ugefaangen huet, wou och d‘Energiepräisser drastesch geklomme sinn, wat fir eise Secteur bedeit, dass d‘Käschten extreem geklomme sinn, wou mir och guer net nokomm sinn eis Transportpräisser unzepassen. Dat heescht d‘Käschten hunn an deene Joren eis Revenue komplett iwwerholl an zu Schwieregkeeten am Secteur gefouert.”

Besonnesch den Diesel spillt eng zentral Roll bei de Käschten: Ronn 12 Millioune Liter ginn d’Joer consomméiert, wat ongeféier engem Véierel vun de Gesamtausgaben entsprécht.

Präisser, déi klammen, hunn dofir direkt en Impakt op d’Rentabilitéit.

De momentan héijen Dieselpräis stellt dobäi eng grouss Erausfuerderung duer. Och wann d’Entreprise de Clienten d’Dieselpräisser weidergëtt, geschitt dat net direkt.

“Mir hunn Dieselopschléi op eisen Transporttariffer. Dat heescht, wann den Diesel op der Tankstell klëmmt, da passe mir och eis Transportpräisser no uewen un. Mir sinn also do schonn iergendwéi couvréiert. Et gëtt allerdéngs ee gewëssenen Delai: wann de Präis op der Pompel klëmmt, heescht dat net, dass den Transportpräis muer oder iwwermuer entspriechend klëmmt. Dat ass dann ëmmer een Delai vun enger, zwou, dräi Wochen. Dat heescht mir mussen dat tëschefinanzéieren. Dat ass also eng Belaaschtung fir eis Tresorie.”

Bei d‘Méi-Käschte kommen déi sougenannten eidel Kilometer: Strecken, déi gefuer ginn, ouni datt se vum Client bezuelt ginn. Si maachen am Duerchschnëtt 10 bis 15 Prozent vun de Gesamtkilometer aus a verstäerken den Impakt vun héijen Dieselpräisser nach weider.

Trotzdeem gëtt d’Entreprise aktuell nach mat der Situatioun eens. Wat awer bleift, sinn d’Suergen ëm déi laangfristeg Entwécklung.

D’Konsequenze si schonn an Europa ze spieren. A Frankräich spëtzt sech d’Situatioun zou: ronn 18 Prozent vun den Tankstellen hunn aktuell Problemer mat der Versuergung. Op ville Plaze feelt op d’mannst eng Zort Bensinn oder Diesel komplett. An anere Regioune ginn et Limitten – do dierfen Automobilisten nëmmen nach maximal 30 Liter pro Gefier tanken.

Eng Situatioun, déi wa se esou zu Lëtzebuerg géing antrieden, dramatesch fir den Transportsecteur wier.

Zu Lëtzebuerg ass d’Lag aktuell nach stabil. Op Nofro beim Groupement Energies Mobilite Luxembourg gouf matgedeelt, datt et de Moment keng konkret Informatiounen iwwer Enkpäss am nationale Reseau gëtt.

Back to Top
CIM LOGO