Stroossenaarbechten zu StengefortHaaptstrooss a Richtung Belsch zwou Wochen zou

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem 14. an dem 27. Mäerz wäerten d'N6 an den CR106 am Zentrum vu Stengefort gespaart sinn. D'Deviatioune ginn iwwer d'Rue de Hobscheid an d'Rue de Collart.
De Plang mat den Deviatiounen zu Stengefort
De Plang mat den Deviatiounen zu Stengefort
© Administration des ponts et chaussées

Wéi d’Administration des ponts et chaussées matdeelt, wäerten d’N6 an den CR106 zu Stengefort a Richtung belsch Grenz vum e Samschdegmoien 8 Auer un, bis 17 Auer um Freideg, de 27. Mäerz gespaart si wéinst Stroossenaarbechten.

D’Deviatioune lafen iwwer d’Rue de Hobscheid an d’Rue de Collart.

Back to Top
CIM LOGO