
Da soll och de neie Guide publizéiert ginn, deen aktuell nach an der Maach ass, an dann un sämtlech Stéit am Land verdeelt gëtt. "Lëtz prepare" nennt dee sech a soll en Informatiouns- an Sensibiliséierungs-Outil sinn, fir verschidde Krisen- a Katastrophe-Situatiounen ze preparéieren.
Dat äntwert d'Regierung op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.
Ufank Juli haten de Premier Frieden, den Inneminister Gloden an d'Défenseministesch Backes schonn zesumme mam Haut-commissaire à la protection nationale Guy Bley déi national Resilienz-Strategie virgestallt. Elo ass deemno och gewosst, wéini jidderee säi Guide wäert kréien. An dësem gëtt ënnert anerem beschriwwen, wat ee soll maachen, dass een op d'mannst 72 Stonnen autark kann iwwerliewen.