
An der Nuecht op de Samschdeg, kuerz no Hallefnuecht, gouf der Police eng Grupp vu Persoune gemellt, déi sech an der Rue du Fort Dumoulin an der Stad verdächteg beholl huet.
Op der Plaz hunn d'Beamten aacht Persounen, gréisstendeels Jonker, kontrolléiert. Dobäi goufen ënner anerem e Messer, Marihuana, Pefferspray, eng Cagoule, Tape, e Schrauwenzéier, e Kabel an eng Elektro-Trottinett séchergestallt.
Ausserdeem ass op der Plaz e Scooter fonnt ginn, dee scho virdru als geklaut gemellt gi war. Ob et e Lien tëscht deem Gefier an der Grupp gëtt, ass nach Géigestand vun den Ermëttlungen.
De Parquet gouf informéiert an huet d'Saisie vun den illegale Géigestänn souwéi vun engem Handy gefrot. E Protokoll gouf opgestallt.