
Ma am Géigesaz zu där éischter Well hätten d'Betriber sech allgemeng antëscht relativ gutt op dës nei Situatioun ëmgestallt. An awer bleift et eng Erausfuerderung, fir d'Patronen hire Betrib z'organiséieren, wann d'Employéë vun Doheem aus schaffen.
Wärend den Teletravail an dëser Kris e prakteschen Outil wier, wier et awer sécherlech net déi natierlech Form, wéi eng Entreprise funktionéiert, esou den Direkter vun der Unioun vun den Entreprisen, Jean-Paul Olinger. Ëmmerhi wier de Mënsch e soziaalt Wiesen an eng Entreprise e liewegen Organismus, deen dovu lieft, dass d'Mataarbechter sech treffen.
"En plus ass et um Niveau vun der Entreprise dem Patron seng Aufgab, fir d'Organisatioun dohinner ze setzen. A genau wéi hien – änlech wéi e Chef d'orchestre – muss alleguer d'Leit beienee fannen, ass et dann och wichteg, dass d'Leit sech deelweis och kënne gesinn."
Ma grad wann Dausende Leit pro Woch Covid-bedéngt mussen doheem bleiwen, wier den Teletravail eng nëtzlech Alternativ.
"Mir schwätzen elo vu 17.000 Leit, déi pro Woch a Quarantän oder am Isolement sinn. Dat ass eng riseg Unzuel an dat huet en Impakt op eis Ekonomie. Fir d'Entreprisen ass et sécherlech esou, dass dat eng Schwieregkeet ass, fir dat méi z'organiséieren an et ass och do, wou den Teletravail eis kann hëllefen, op alle Fall fir déi Secteuren, déi Teletravail erméiglechen an et ass och do, wou mir et encouragéieren, dass d'Salariéeën an och d'Entreprisen dorobber zeréckgräifen."
Ma trotz Teletravail hätten déi vill Isolementer a Quarantänen e groussen Impakt op déi Lëtzebuerger Ekonomie.
"Wirtschaftlech gesinn ass den Impakt duebel. Op där enger Säit ass et natierlech esou, dass déi Aktivitéit bei den Entreprisen ewechfält, well déi Leit jo net do sinn. Donieft kommen dann awer och nach d'Käschte, fir de Loun, dee muss ausgeglach ginn, fir déi Zäit, wou déi Leit am Krankeschäi sinn."
E gesetzlech verankert Recht op Teletravail gesäit de Jean-Paul Olinger aktuell net fir opportun, ëmmerhi misst een den Ënnerscheeder vun deene verschiddene Betriber an och dem individuelle Kompromëss tëscht Employeur a Salarié Rechnung droen.
Eng Reform vun der aktueller Konventioun zum Teletravail, wéi de Wirtschafts- a Sozialrot se elo entaméiert huet, géif dogéint awer Sënn maachen.
Gläichzäiteg kéint den Asaz vum Teletravail d'Aarbechtswelt laangfristeg awer och zolidd veränneren.
"Wa mir dovun ausginn, dass eng Entreprise e soziaalt Wiesen ass, an deem d'Leit sech begéinen an et mécht een dat Begéinen anescht, dann ass kloer, dass Entreprisen op laang Zäit gekuckt ëmmer méi dezentral organiséiert wäerte ginn. A wien dezentral Organisatioun seet, muss sech dann och d'Fro stellen, ob ee laangfristeg notamment muss Teletravail aus Lëtzebuerg oder aus der Groussregioun maachen oder ob dat ka vill méi wäit goen. Donieft kann ee sech dann och d'Fro stellen, ob et bei engem Aarbechtsvertrag bleift oder ob och déi Forme vun der Aarbecht wäerte laangfristeg veränneren an dass een éischter tëschent verschiddene Prestatairen zesummeschafft.“
Aktuell wéilt een awer éischter um aktuelle Modell festhalen an dësen esou gutt wéi méiglech encadréieren. Ëmmerhi wier de Mënsch e soziaalt Wiesen an eng Entreprise e liewegen Organismus, deen dovu lieft, dass d'Mataarbechter sech och reegelméisseg treffen, esou de Jean-Paul Olinger.
