
An engem Schreiwes vum Groupement des Magistrats heescht et en Dënschdeg, dass a Sëtzungssäll am Prinzip d'Distanz ënnereneen an d'Droe vun engem Mond-/Nueseschutz z'applizéiere wären an den zoustännege Riichter ënner Ëmstänn eng Dispens aussprieche kéint, wat de Respekt vun de sanitäre Reegelen ugeet. Dës Léisung kéint et de Juridictiounen erlaben, an dëser aussergewéinlecher Situatioun weider ze fonctionéieren, am Respekt vun der Sécherheet an der Gesondheet vu jidderengem.