
Bei der Comitéssëtzung gouf dann och de Point gemaach vun deem, wat d'Gemengen an de Syndikat vun de Stied a Gemengen an der Lutte géint de COVID-19 ënnerholl hunn an et gouf sech doriwwer ausgetosch.
Déi gréisst Suerg fir d'Gemenge stellt de Moment d'Rentrée an de Grondschoulen duer, déi de 25. Mee ass. Nach ëmmer stinn nämlech eng Rëtsch Froen op, woufir dann och eng weider Reunioun tëscht dem Syvicol an dem Educatiounsminister Claude Meisch geplangt ass. An dat, fir zäitno Problemer, déi sech stellen, aus der Welt ze schafen. En Donneschdeg kënnt et zu där Entrevue, sou de President Emile Eicher.
Et wär ee frou, datt ee genuch Zäit vum Ministère kritt hätt, fir déi néideg Adaptatiounen ze plangen. Ma d'Ëmsetze bréngt ganz nei Komplikatioune mat sech.
D'Lydie Polfer: „Sief et um Niveau vun den Infrastrukturen, dem Personal, oder och dem Transport fir déi Gemengen, déi bësse méi grouss ausernee geluecht sinn. Dat ass wierklech eppes, dat muss gestëmmt ginn an dat ass nach net esou evident.“
Punkto Schoultransport wieren och meeschtens guer net déi néideg Capacitéiten do, fir méi Busser an den Asaz ze huelen, esou den Emile Eicher, President vum Syvicol.
„Bei de Léier-Klassen, also déi, déi mir bis elo Grupp A genannt hunn, wäert den Transport ewéi an der Vergaangenheet weider garantéiert ginn. Mä fir de Grupp B wäert aus praktesche Grënn deene meeschte Gemenge soss näischt iwwereg bleiwen ewéi en 2. Tour ze organiséieren. Well déi Kanner däerfe sech net treffen.“
En héije finanziellen Opwand fir méi kleng Gemengen. D'Annie Nickels-Theis, Buergermeeschtesch vu Buerschent.
„Mir hunn eng ronn 160 Kanner, déi an d'Primärschoul ginn. Mä vue datt den Terrain vun der Buerschter Gemeng extrem verspreet ass, si mir forcéiert, datt mer 3 verschidde Busser fuere loossen an dat an 3 verschidde Richtungen. Mir hunn all Joer eng 180.000 Euro am Budget. Da kënnt der iech e Bild maachen, wat de Schoultransport eis kascht.“
Vu Säite vun de Gemengen hofft een, datt d'Eltere just wa wierklech néideg hir Kanner an de Grupp B, also de Betreiungsgrupp mat moies Accueil a Maison Relais, aschreiwen, fir déi lokal Capacitéiten net ze iwwerlaaschten. Déi lescht Chiffere géifen awer bësse berouegen, esou den Emile Eicher.
„Et stellt sech eraus, datt knapp 60 Prozent nëmme géif an de Léier-Grupp goen. Also déi grouss Majoritéit. Hei weise sech awer och grouss Ënnerscheeder tëschent den eenzele Gemengen, Quartieren a Stied a Land.“
Den Emile Eischer huet doriwwer eraus virun engem "enorme Coup bei de Gemengefinanzen" duerch de Coronavirus gewarnt. Hien huet dozou zwee Beispiller genannt:
„17,4 Millioune manner am Fonds de dotation global, 24,8% manner am ICC. Dat heescht, fir d'Gemenge gëtt dat do eng enorm op d'Box. Wann ee weess, 40 bis 45% eleng Salairë vun hirem Budget, da kënnt de ganzen Entretien, déi normal Ausgaben, déi Der hutt, déi am Ordinaire festgehale sinn, dann ass dat dote fir ganz vill Gemengen ee risege Problem, dass se den Ordinaire nach opkréien, well dat wäert ganz knapp ginn. Dat heescht, dass Investitioune fir déi total onméiglech sinn, wa mer net aner Schrëtt do ënnerhuelen.“
De President vum Syvicol huet souguer vu 5 Gemenge geschwat, déi an direkter Gefor wären, fir d'Enner net méi beieneen ze kréien. D'Regierung misst do hëllefen, well deene Gemengen hir Finanze soss ausser Kontroll gerode kéinten. D'Investitioune missten héichgehale ginn, fir lokale Betriber net ze schueden.
"Dat wäert eng ganz grouss Diskussioun ginn. Wann d'Regierung eis do hänke léisst, dann, mengen ech, hu mer ganz vill Problemer, fir d'Gemengefinanzen an de Grëff ze kréien. Mir sichen no Léisungen, zesummen, och mat der Regierung, dass op d'mannst d'Investitiounen elo net fale gelooss ginn, well soss schuede mer nämlech dem lokale Business vill méi, wéi dat bei Staatsinvestitiounen ass, well mir hu ganz vill kleng Opträg, an déi ginn normalerweis an der Regioun oder souguer lokal verdeelt. Wa mer do de Krunn zoudréien, dann hu mer guer näischt erreecht.“
Den Emile Eicher huet donieft betount, dass een als Gemengen no der Kris wuel anescht fonctionéiere géif wéi virdrun, Stéchwuert Teletravail. De Buergermeeschter vu Clierf huet sech fir de Syndikat iwwerdeems gewënscht, dass deen no der Kris déi selwecht Dynamik behält wéi den Abléck.
D'éischt Vize-Presidentin Lydie Polfer huet hirersäits ervirgehuewen, dass an der Kris d'Roll vun de Gemenge ganz staark ënnerstrach gi wär. Et hätt een elo en anere Bléck op dat, wat noutwendeg wär, zum Beispill bei de Gemengeservicer:
„Ob dat den Hygiène ass, ob dat den État civil ass, d'Waasser, d'Kanalisatioun, ass eng ganz aner Beliichtung och op de Wäert vun deenen Aarbechte geluecht ginn."
Dat zoustännegt Personal hätt dat och gespuert, sot d'Stater Buergermeeschtesch nach.
An am Kader vun där Comitéssëtzung gouf och nach eng nei Syvicol-App presentéiert.
