No laange VerhandlungenGrondsätzlechen Accord tëscht dem OGBL an Eurofoil fonnt

RTL Lëtzebuerg
De 6. Mee hu sech den OBGL an Eurofoil grondsätzlech gëeenegt. Den definitiven Accord dierft an den nächsten Deeg ënnerschriwwe ginn.
Foto vum Protestpiquet bei Eurofoil zu Diddeleng
Foto vum Protestpiquet bei Eurofoil zu Diddeleng
© RTL-Archiv

Den Accord tëscht béide Säite gesäit vir, dass an éischter Linn d'Errongenschafte vun de leschten Tarifverhandlunge bäibehale ginn, vun deenen den Ament 240 Mataarbechter profitéieren. Dobäi kënnt eng Primm an Héicht vu 500 Euro fir all Salarié an de Joren 2021, 2022 an 2023.

Donieft goung am Accord festgehalen, dass eng Begrenzung vun Zäitaarbechter soll agefouert ginn. D'Firma dierft deemno op net méi wéi 20 onqualifizéiert an 10 qualifizéiert Zäitaarbechter gläichzäiteg zeréckgräifen. Dat entsprécht der Hallschecht vun deenen, op déi den Ament zeréckgegraff gëtt.

E weidere Punkt ass, dass d'Firma seng verschidden équipes de base an Zukunft just nach aus Mataarbechter zesummestellt, déi e feste Kontrakt (CDI) hunn.

PDF: Liest hei de ganze Communiqué vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO