Dëst Joer gouf dat awer wéinst der Corona-Pandemie ofgesot. Den Edmond Ries, Paschtouer zu Diddeleng, huet et awer wichteg fonnt, dass d'Griewer geseent ginn, dëst Joer dann eben ouni Public.
E Sonndeg de Moien zu Diddeleng waren eng Partie Leit an der Mass, fir hire Verstuerwenen ze gedenken. Dëst natierlech mat der Mask an Anhale vun den Distanzen. Dass se dono net traditionell mam Paschtouer op d'Griewerseenung duerften, war fir verschiddener ganz ongewinnt. Versteesdemech war awer do.
Hei e puer Aussoen:
"Ech fannen dat ganz traureg, dass haut keng Griewer geseent ginn. Ech muss awer soen, dass dat awer ganz richteg ass, dass net sou vill Leit do zesummen op ee Koup kommen. Also ech war den Moien um 8 Auer schonn um Kierfecht."
"Also ech sinn e ganz gleewege Mënsch an dat mécht mir scho ganz vill aus, dass déi Traditioun dëst Joer net ka bäibehale ginn. Trotzdeem maachen ech einfach dat Bescht draus. Ech sinn de Moien an d'Mass gaangen a sinn elo um Kierfecht vu mengem Papp. An ech soen einfach de Leit: Versicht einfach dat Bescht draus ze maachen. Komm mir halen zesummen a mir packen et ganz sécher zesummen."
Och fir de Paschtouer ass et eng aussergewéinlech Situatioun. An der Mass gouf Waasser geseent an a klenge Fläschen un d'Leit verdeelt. Esou konnt een d'Griewer selwer seene goen.
De Paschtouer Edmond Ries: "Mir kommen haut net als grouss Gemeinschaft, mä mir kommen eleng. Är Famill kënnt och nach laanscht. Mir hunn der Famill Wäiwaasser matginn, fir d'Graf ze seenen. Et ass en ergräifende Moment, well e komplett ongewinnt ass."
D'Situatioun fir d'Kierch wier, genau wéi fir aner Betriber, net einfach, seet den Edmond Ries. Aktuell dierfen nëmmen nach 100 Leit zesummen an d'Kierch, d'Mask an den Ofstand sinn obligatoresch.
"Mir musse kucken, dass mir net zu engem Hotspot ginn, mir hunn eng grouss Verantwortung. Op der anerer Säit wëlle mir awer, dass Glawensliewe weidergeet, net dass alles zesummefält, soss kréien mer et herno net méi opgeriicht. An deem Sënn musse mir dann elo positiv denken, fir dass mir widderstandsfäeg ginn, fir dass mer méi staark aus der Situatioun erauskomme wéi mir eragaange sinn."
Et géing een hoffen, mam Anhale vun de Restriktioune weider kënne Massen unzebidden.
