D’Buergermeeschtesch Monique Hermes huet eis op Nofro confirméiert, datt et eng Ausernanersetzung gouf.
Bei deem Sträit tëscht 4 Persoune wier RTL-Informatiounen no och e Messer am Spill gewiescht. Offiziell confirméiert gouf dat awer bis ewell net.
Eng Persoun gouf op alle Fall um Réck blesséiert.
3 Leit koumen mat op de Policebüro. Et gouf um Freideg den Owend awer nach no weideren Täter gesicht.
Nieft Policepatrullen an Ambulanze war och de Policehelikopter um Freideg iwwer Maacher am Asaz.
