
Konkret goufen d’Fonctionnementskäschten ënner d’Lupp geholl, déi Ministèren am Kader vum sougenannten ASFT-Gesetz gemaach hunn – also déi finanziell Konventiounen tëscht dem Staat an den agreéierte Gestionnairen, déi sozial, familiär an therapeutesch Aktivitéite fir de Staat exerzéiert hunn. Déi meeschte Konventioune goufe vum Educatiounsministère erstallt, dorënner falen zum Beispill och d’Gestionnairë vu Crèchen.
Den Ursprong fir de Rapport geet op d’Joer 2015 zeréck, wéi d’Salairë vun Direktiounsmemberen aus ëffentlechen Etablissementer sollten op de Leescht geholl ginn. Dës Woch eréischt, also iwwer 10 Joer duerno, ass de Rapport an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert ginn. D’Fro vun de Salairë gouf awer erweidert op eben d’Depensë vum Staat fir Organismen aus dem konventionéierte Secteur. 2020 gouf de Rechnungshaff du mat detailléierte Froe saiséiert, dorënner och déi no der finanzieller Envergure vun den Depensen. Dës belafe sech op 667 Milliounen Euro fir d’Joer 2020. Déi Joren duerno wiere wéinst der Corona-Pandemie net relevant, huet et als Erklärung an der Chamber geheescht. Tëscht de Joren 2016 an 2020, déi de Rechnungshaff erfaasst huet, gouf eng Hausse vun iwwer 50 Prozent registréiert.
Vun der Cour des Comptes war et an deem Kader awer e Mea Culpa fir déi extrem laang Delaie bei dësem Rapport. Normalerweis géing e Rapport 12 Méint an Usproch huelen, huet de Patrick Graffé, Vizepresident vum Rechnungshaff erkläert. Ma elo wou de ronn 150 Säite laange Rapport do ass, wier awer och e Suivi an dräi Joer virgesinn, fir d’Evolutioun am An ze behalen an net méi esou laang Zäit versträichen ze loossen.
Onstëmmegkeeten oder Punkten, déi musse verbessert ginn, huet de Rechnungshaff nämlech direkt eng Rei fonnt.
Bei de Kontrollen zum Beispill ass vun däitleche Problemer rieds, zum Deel well dacks just eng eenzeg Persoun fir d’Kontroll vu sämtleche Konventiounen zoustänneg wier.
An hirem Rapport kritiséiert d’Cour des Comptes dann och, dass deelweis Agrementen ausgestallt goufen, obwuel Dossieren net vollstänneg waren. Dobäi kënnt, dass d’Finanzkontroll net eenheetlech gereegelt ass, tëscht de Ministèren, déi esou Agrementen ausstellen. An och hei géing et allgemeng u klore Reegele feelen.
D’Recommandatioun vum Rechnungshaff ass kloer: et bréicht méi reegelméisseg Kontrollen an eng eenheetlech, modern Organisatioun vum ganze Secteur, esou wéi och eng digitaliséiert Approche. D’Ministère sollten och méi iwwergräifend zesummeschaffen. Aktuell goufen nämlech Lacunne konstatéiert, déi en Double emploi vun de Gelder vereinfache géifen. De Rechnungshaff huet och vereenzelt esou Fäll constatéiert. An engem Fall huet e Gestionnaire zum Beispill déi nämmlecht Prestatioun fir zwee verschidde Ministèrë verrechent. Wéi dat festgestallt gouf, gouf et keng richteg Sanktioun. Ma “d’Sanktioun” an deem Fall war, dass de Gestionnaire dozou opgefuerdert gi wier, sech fir ee Ministère ze entscheeden. De Rechnungshaff hätt awer net gesot kritt, iwwert wéi en Zäitraum deen Double emploi gaangen ass.
Eng Partie Deputéiert, wéi déi gréng Sam Tanson an de Marc Goergen vun de Piraten, weise sech no den Erklärunge vun der Cour des comptes kritesch, wat de weidere Fonctionnement vun de Ministèrë géintiwwer dem konventionéierte Secteur ugeet. D’Sam Tanson schwätzt sech fir eng Harmoniséierung aus, esou wéi och den André Bauler vun der DP.
De Marc Goergen erënnert dorunner, dass et 2020 ëm 6 bis 700 Milliounen Euro goung, ma dës Zomm awer haut méi héich dierft sinn. Et wier ee sech eens, dass et ëm e ganz wichtege Secteur geet, deen en Gros eng gutt Aarbecht mécht. Ma d’ASFT-Gesetz wier einfach ze al an den haitege Fuerderungen einfach net ugepasst.
De Franz Fayot, President vun der Budgetskontrollkommissioun, huet e Rapport vum Rapport proposéiert, deen dann och an ënnerschiddleche Kommissiounen, déi dann zesummegeluecht ginn, soll diskutéiert ginn. D’Sam Tanson erënnert, dass dat awer net enger séierer Reform vum Gesetz soll am Wee stoen.
Ob et duerno en Debat d’orientation gëtt, steet nach op. Sécher ass, dass de Rapport vun der Cour des Comptes eng ganz Rei och strukturell Problemer beliicht huet.