
Um 2026 Forum vun der European Investment Bank (EIB) hei zu Lëtzebuerg huet de Groussherzog Guillaume d’Roll vun der Europäescher Unioun an enger verännerter Welt beliicht an dozou opgeruff, geziilt an d’Kompetitivitéit, d’sozial Kohäsioun, d’Sécherheet, d’Nohaltegkeet an d’Jugend ze investéieren. Hien huet dobäi besonnesch d’Bedeitung vum Multilateralismus an d’Stäerkung vum Bannemaart ënnerstrach.
A senger Ried mam Titel “A strong Europe in a changing world” – also “E staarkt Europa an enger Welt, déi sech verännert” – huet de Staatschef erkläert, Europa misst och an Zäite vu geopolitescher Rivalitéit, Krich um Kontinent an internationale Spannunge seng Wäerter verdeedegen an d’Laangzäit-Perspektiv behalen. Europa hätt sech ni linear entwéckelt, sou de Grand-Duc.
De Groussherzog huet weider betount, d’Europäesch Unioun wier deen “ambitiéisten a gläichzäiteg erfollegräichste Friddensprojet vun der moderner Zäit”. Fridden dierft ni als selbstverständlech ugesi ginn, besonnesch am Kontext vum Konflikt un den ëstleche Grenze vun der Unioun. All Generatioun hätt “d’Verantwortung, dëse Fridden ze schützen, ze erneieren an ze wäertschätzen”.
Am Mëttelpunkt vu senger Ried stoung d’Roll vun der Europäesch Investitiounsbank (EIB). D’Bank wier net nëmmen eng “wichteg Finanzéierungsquell”, mee och e strategescht Instrument, fir d’wirtschaftlech Resilienz vun Europa ze stäerken, den ekologeschen Ëmbau virunzedreiwen an d’kollektiv Sécherheet z’ënnerstëtzen. Investitioun wier dobäi “net nëmme finanziell” ze verstoen, mee och als Investitioun an d’Mënschen, an d’Wëssen an an d’Institutiounen, déi d’Fräiheet garantéieren.
Fir d’Kompetitivitéit vun der Unioun ze sécheren, misst de Bannemaart am Zentrum vum Handele bleiwen – de Grand-Duc huet en als “Motor vun eisem Wuelstand” bezeechent. D’Stäerkung vun der Kompetitivitéit wier net nëmmen eng wirtschaftlech Noutwennegkeet, mee och d’Grondlag, fir de soziale Modell an d’Wäerter vun der Unioun ze erhalen.
Besonnesch wichteg wier och, datt Europa eng “Kultur vu Kreativitéit an Innovatioun” fërdert, fir “Pionéier” ervirzebréngen.
“Dat schéinst dorunner ass, datt wa Leit mech froen, ob Lëtzebuerg a Schengen ass, datt ech soe kann, datt Schengen zu Lëtzebuerg ass.”Grand-Duc Guillaume
Am Beräich vun der sozialer Kohäsioun huet de Groussherzog och op d’Bedeitung vum Schengen-Accord higewisen. D’fräi Zirkulatioun géif de sozialen Zesummenhalt an d’Vertrauen tëscht de Member-Staate stäerken.
“Dat schéinst dorunner ass, datt wa Leit mech froen, ob Lëtzebuerg a Schengen ass, datt ech soe kann, datt Schengen zu Lëtzebuerg ass”, sou de Grand-Duc Guillaume um Forum.
Och d’Nohaltegkeet an de Klimaschutz stoungen am Fokus. D’Investitioun an eng propper Energie-Versuergung an a gréng Technologie wier eng Verantwortung vis-à-vis vun de kommende Generatiounen. Als “Klimabank” géif d’EIB hei eng Schlëssel-Roll spillen.
Zum Schluss huet de Groussherzog d’Bedeitung vun der Jugend ervirgehuewen. Jonk Leit géifen de Geescht vun Zesummenaarbecht an europäescher Eenheet droen a missten aktiv an d’Gestaltung vun der Zukunft agebonne ginn. “Mir däerfen se net enttäuschen”, sou de Guillaume zum Schluss vu senger Ried.
De Groussherzog huet sech nach houfreg gewisen, Staatschef vum Land ze sinn, wou d’Europäesch Investitiounsbank hire Sëtz hätt.