"We have a right to health"Graffiti op de Mauere vum Athénée
E Freideg de Moie krut RTL Fotoe geschéckt, op deene Spréch ze gesi sinn, déi op d'Mauere vun der Sportshal vum Stater Kolléisch gemoolt gi sinn.
D'Messagë sinn op Englesch. Ze liesen ass zum Beispill: ''We have a right to health'', also ''mir hunn e Recht op Gesondheet'', oder nach ''We are not your puppets'', deemno ''Mir sinn net är Marionetten''''.
Iwwer den Auteur, respektiv d'Auteuren ass aktuell näischt gewosst. Deemno och net iwwer d'Hannergrënn vun de Messagen.
RTL huet beim Direkter vum Lycée um Geesseknäppche Claude Heiser nogefrot. Hie wollt sech zu de Messagen op de Maueren net äusseren.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.