
Dat schreift d'Dokter Claudine Als an engem Lieserbréif. Déi fréier Conseillère vun der Stad Lëtzebuerg huet selwer 20 Joer laang an der Fuerschung geschafft a gëtt deen een oder aneren Denkustouss.
Hei de LieserbréifDéi gréisst Tragedie vum Covid-19 ass, dass mer net preparéiert waren. Et wär zwar gewarnt ginn, mee trotzdeem ware mir net op een onsiichtbaren, mikroskopesch klenge Feind virbereet, seet d'Dokter Claudine Als ganz däitlech.
„Preparéiert gewiescht wäre mer nëmmen, wa mer gesamt-europäesch op d'mannst eng gemeinsam Strategie gehat hätten, fir ons ze behaapte géint de Feind. Sief et eng Autarcie ze hunn vu Schutzmaterial, sief et eng Autarcie ze hunn vu Medikamenter, vun Traitementer a sief et och eng gemeinsam Strategie, wéi een soll dogéint virgoen. Mir hunn et net fäerdeg bruecht, de Confinement gemeinsam ze maachen a mir bréngen et elo apparemment och net fäerdeg den Deconfinement zesummen ze maachen.“
Fir sou munche wäert dës Kris Changementer an de Prioritéite mat sech bréngen, net nëmmen um individuellen Niveau, ma och um Niveau vun eiser Gesellschaft an vun Europa.
„Mir mussen hoffen, dass mer eis vläicht och erëm bëssen op d'Grande Region besënnen an méi lokal a regional Produiten akafen. Dass mer probéieren, och méi Geméis ze produzéieren zu Lëtzebuerg an dass mer hei eis eege Saache consomméieren. An dass mer net ëmmer nëmme mengen, mir missten alles zum bëllegste Präis a China bestellen. Well ech menge mir hunn elo ganz brutal ze verstoe kritt, wat dat fir Konsequenzen huet, wa mer esou eng eesäiteg Ofhängegkeet hu vu China.“
Eis Gesellschaft hätt am Ufank vum 21. Joerhonnert e Grad vu Fräiheet kannt, wéi et e bis ewell nach net gouf. Dës Fräiheet wär wäertvoll. Mir hätten 200 Joer gebraucht, fir eis déi z'erkämpfen. Elo wär den Zäitpunkt komm, alles z'iwwerdenken.
„Mir konnte reesen iwwerall, mir konnten eis alles leeschten, mir konnte mat jidderengem kommunizéieren op villfälteg Manéieren, mir konnten alles kucke goen, incroyable a vun haut op Muer war villes gestrach a mir hate vill fräi Zäit, fir villes a Fro ze stellen, pour refaire le point. Dat ass jo ni schlecht, wann ee säi Liewen, seng Existenz mol eng Kéier iwwerdenkt. Wat ass mer wichteg. Wat ass et, wat mech glécklech mécht, wat mech erfëllt, wat mer eppes bréngt, wat mech beräichert.“
Et wär wichteg elo iwwer d'Méiglechkeeten nozedenken, wéi mir als Gesellschaft wéilte virufueren. Déi nächst Kris stéing scho virun der Dier, nämlech d'Klimakris.
An et wär den Ament Akzenter ze setzen, wéi zum Beispill een CO2-Pass anzeféieren, eis eege Besoinen hei am Land ze decken zum Beispill an der Geméisproduktioun an eis Ofhängegkeet vu China ze reduzéieren, sou nach d'Dokter Claudine Als, Fuerscherin a fréier Conseillère an der Stad Lëtzebuerg.
