Cour d'appelGiischtje gouf an Affär vu Besëtz vu kannerpornografeschem Material fräigesprach

RTL Lëtzebuerg
Op der Cour d'appel gouf e Giischtje fräigesprach, deen am Mäerz an 1. Instanz nach zu enger Prisongsstrof vu 6 Méint mat Sursis verurteelt gi war.
© AFP

De Mann hat reprochéiert kritt, tëscht September 2009 a Juli 2017 Biller mat kannerpornografeschem Charakter consultéiert ze hunn.

Hie sollt doriwwer eraus en USB-Stick mat sou Material an de Prisong bruecht hunn. Et war ëm 121 där Biller gaangen, déi hie besiess hätt an op deene Meedercher vu 5 bis 16 Joer waren.

Back to Top
CIM LOGO