
De Geschichtsproff Benoît Majerus ass bei deene Wale Kandidat, obschonns hien net Member am CU ass. Fir kënnen unzetrieden, geet et duer, vu CU-Memberen nominéiert ginn.
An enger ëffentlecher Stellungnam schwätzt sech de Benoît Majerus fir eng Reform vun der Uni hirer Gouvernance aus. D’Personal misst méi Pouvoir kréien, fir mat ze decidéieren. Dofir bräicht et eng aner Praxis am Kader vum aktuellen Unisgesetz. Mee et misst een och op eng Refonte vum Gesetz hischaffen, wou se noutwenneg ass. Änlech hat hie sech schonn de Weekend an engem oppene Bréif zesumme mam Jurist a Verfassungsexpert Luc Heuschling geäussert.
De Ludger Wirtz hat d’virregt Woch aus dem Conseil des Gouverneurs demissionéiert. Dat am Zesummenhang mat enger Mail un d’Luxemburger Wort, an där hien d’Couverture vun den Evenementer op der Uni kritiséiert hat. Hie war och am Comité de Pilotage fir den Audit, deen d’Uni wëll an Optrag ginn. Dat no Medieberichter iwwert Harcèlement, Probleemer bei de Prozedure fir Promotiounen a Rekrutementer an Interessekonflikter.