
De Radio 100,7 hat d'Nouvelle als éischt gemellt. Hannergrond ass eng Finanztransaktioun, déi op 2014 zréckgeet, tëscht der Formel 1-Ecurie Lotus, där hire President vun 2009 bis 2015 de Gérard Lopez war, an dem Escher Futtballclub.
Eng Kommissioun vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun hat eng Denonciatioun beim Parquet gemaach, well dem Reviseur PWC e suspekten Don a Milliounenhéicht vun der Formel-1-Ecurie un d'Fola opgefall war. De Gérard Lopez war zu deem Zäitpunkt och President vun der Fola. Den Escher Futtballveräin soll déi Suen un de Gérard Lopez an eng Gesellschaft vum Geschäftsmann Eric Lux zu Hongkong transferéiert hunn. Ob a wéi eng Géigeleeschtungen et goufen, war a béide Fäll net kloer. Déi Concernéiert hunn d'Faiten ëmmer ofgestridden.
Et goung iwwer Joren dann och vill hin an hier, bis et elo op d'Geriicht geet. D'Affekote vun de Beschëllegte ware bis op d'Cassatioun gaangen, fir d'Reprochen unzefechten. Dee Recours gouf elo Enn Mee vun der Cour de Cassation verworf. Dem Prozess Mëtt Dezember steet domadder elo näischt méi am Wee. Et si fir den Ament dräi Sëtzunge virun der Chamber correctionnelle virgesinn. Bis zu enger Verurteelung gëllt wéi ëmmer d'Onscholdsvermuddung.