SyvicolGeplangten Deontologie-Reegele fir Gemengevertrieder ginn deels ze wäit

Pit Everling
Am November hat de Regierungsrot festgehalen, datt beim Gemengegesetz via Amendementer nogebessert soll ginn.
© Syvicol

Ee Punkt betrëfft d’Schafe vun engem Code de déontologie fir gewielte Gemengevertrieder. De Syvicol war zwar Demandeur heifir, ma dat wat elo um Dësch läit, schéisst plazeweis iwwer d’Zil eraus, fënnt de Gemengesyndikat. Ënner anerem dat ass aus der Comitéssëtzung vun e Méindeg zeréckzebehalen.

Deontologie-Reegele fir Gemengevertrieder - Reportage Pit Everling

E Bouquet Blummen, eng Fläsch Wäin oder en Engagement an engem Veräin. Fir gewielte lokal Mandatairë soll e méi klore Kader geschaaft ginn, wat geet a wat net. Den Text vum Inneministère suergt awer bei de Syvicol-Comitésmembere fir gréisser Opreegung an negativ Commentairen. Beim lokale Code de déontologie soll ee sech un deem vun der Chamber orientéieren, awer net méi wäit goen, fënnt de Syvicol-President Emile Eicher: “Virun allem misst een Deklaratiounen elo maachen, a wat fir enge Veräiner een ass. Dat fanne mer, dat ass Privatsaach. Dat gëtt och net bei der Chamber gefrot.”

De Montant vu maximal 150€ Valeur fir e Cadeau géing an d’Rei goen, sou den CSV-Deputéierten a Syvicol-President Emile Eicher. Dat wier och d’Reegel fir Parlamentarier. Den Emile Eicher stéiert sech awer un den detailléierten Deklaratiounen, déi an der Suite virgesi sinn: “Wat mer dann awer lächerlech fannen, dat ass, datt een da misst elo eng Lëscht féiere vu wiem een zu wat fir engem Zäitpunkt wéi ee Kaddo kritt huet an aschätzen, wat dee Kaddo wäert ass. Also wann et ënner 150 Euro sinn, wéi een en aschätzt, da fannen ech déi Deklaratioun superfétatoire, déi brauch een och net, well ech mengen, dat gesäit een awer, ee Bouquet Blummen, deen normal ass, dee kascht net méi wéi 150 Euro an eng Fläsch Lëtzebuerger Wäin kaum doriwwer raus. Mee wann et aner Saache sinn, da muss een natierlech virsiichteg sinn.”

En anere Sujet waren d’Changementer beim Congé politique, dee soll eropgesat ginn. Dat wier ze begréissen. Hei géingen d’Fuerderunge vum Syvicol erfëllt ginn, sou nach den Emile Eicher.

Back to Top
CIM LOGO