Invité vun der Redaktioun (19. Januar): Georges Engel"Kee gudde Stil" vum Georges Mischo

Annick Goerens
E Méindeg de Moie waren de Sozialdialog an déi rezent Kritik un der LSAP-Fraktioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Georges Engel
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Georges Mischo huet sech mat dem Interview keen Déngscht geleescht. Déi ganz Oppositioun huet gelaacht an d’CSV huet sech geschummt. Dat sot den LSAP-Deputéierte Georges Engel e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien huet reagéiert op den Interview d’lescht Woch op dëser Antenn vum Ex-Aarbechtsminister. De Georges Mischo hätt jiddwerengem d’Schold ginn: de Gewerkschaften, der Press, der Oppositioun an dann och nach sengen eegene Beamten um Scheiteren, “dat fannen ech kee gudde Stil”. Hien hätt besser gehat, nach e bësse Waasser iwwer d’Land lafen ze loossen, fënnt den LSAP-Deputéierten. Den Ex-Aarbechtsminister hat d’Gewerkschaften an hire Bréif och als “feig, infekt an niveaulos” betitelt. Hie wär jo awer selwer an dräi Gewerkschaften a wéisst jo, wéi déi géinge fonctionéieren an dass si ee gewëssene Stil hunn. Dass d’Gewerkschaften iwwerhaapt esou ee Bréif gemaach haten, géing och weisen, dass d’Kommunikatioun net gutt war.

Ze vill naiv, amplaz a Fro ze stellen

Op alle Fall wier eng Saach kloer: d’Politik vum Georges Mischo a vun der ganzer Regierung huet d’Gewerkschaften definitiv méi staark gemaach. Dat géing een elo gesinn an hirer Union syndicale. Dat wier jorelaang probéiert ginn, mee hätt elo eréischt geklappt. “Aarbechtsminister ass keen Zocker lecken” seet de fréieren Aarbechtsminister Georges Engel. Et wier wierklech een haarden Job. Et misst ee Kompromësser fannen an et misst ee virun allem wëssen, wou een hi wëllt. “An dat hunn ech beim Georges Mischo ëmmer e bësse vermësst. Hie wosst net esou richteg, wat sollt erauskommen. Hie wosst net esou richteg, wouhin.” Hien hätt versicht, de Koalitiounsprogramm ëmzesetzen, dee ganz no bei der DP ass an och ganz no beim Luc Frieden. An hie wier dobäi warscheinlech ze vill naiv an ze vill guttgleeweg dem Koalitiounsprogramm nogaangen, amplaz deen a Fro ze stellen, seet de Georges Engel.

Mindestloun erhéijen: awer net vun haut op muer

D’Hoffnung, dass de Sozialdialog elo mam neien Aarbechtsminister nees méi an d’Rulle kënnt, wier grouss. Allerdéngs misst ee wëssen, dass och de Marc Spautz misst e Koalitiounsprogramm ëmsetzen, deen hie mat ausgeschafft huet. “De Marc Spautz ka sech elo net hei eraushuelen, als électron libre, a soen, ech hunn näischt mat deem Koalitiounsaccord ze dinn.” Also dierft och dem neien Aarbechtsminister seng Roll net esou einfach ginn. De Marc Spautz misst elo och d’EU-Direktiv iwwert de Mindestloun ëmsetzen. An där Direktiv ginn et zwee Krittären: entweder et gëtt den Duerchschnëttsloun oder de mediane Loun gekuckt, erkläert de Georges Engel. D’LSAP fuerdert ganz kloer, dass de Mindestloun muss ugepasst ginn a plädéiert dofir, de mediane Loun ze kucken. Dat géing eng Erhéijung vun 200 Euro bedeiten. A fir de Patronen do entgéintzekommen a se net a Schwieregkeeten ze bréngen, kéint een de Mindestloun elo direkt ëm 100 Euro erhéijen an dann déi nächst 100 Euro upassen.

Kritik un der LSAP ass gutt, mee wier besser intern gemaach ginn

Kritik op RTL gouf et d’lescht Woch awer och un der LSAP. An zwar vun hirem Parteimanager Ben Streff. Dee fënnt, dass déi sozialistesch Fraktioun net genuch um Terrain wier. De Georges Engel fënnt, dass déi Kritik besser intern gemaach gi wier, amplaz op der Place publique. “Wann een an enger Fussballekipp ass, an et kënnt een net richteg an de Match, da muss ee probéieren, iwwert de Kampf oder iwwer d’Organisatioun, iwwer d’Taktik an de Match ze kommen. Ech hunn nach ni eng Ekipp gesinn, déi sech fir d’éischt dee Selbstgol schéisst an da seet: ‘sou, lo probéiere mer de Match ze wannen’.”

Et wier natierlech och gutt, dass Problemer ugeschwat ginn. A méi um Terrain ze sinn, wier ëmmer ze begréissen. Kritiséiert gouf och, dass een net vill vun den Ex-Ministeren (Georges Engel, Paulette Lenert, Franz Fayot a Claude Haagen, n.d.l.r.) géing héieren. Se wieren net wierklech present. De Georges Engel sot, hie géing sech selwer net dovun ugeschwat fillen, hie wier vill um Terrain ënnerwee, mee et wier och kloer, dass dat deenen enge besser läit, wéi deenen aneren. Et bräicht een och Leit an der Fraktioun, déi op den Dossiere schaffen. Och d’Fraktiounscheffin Taina Bofferding wier gutt op hirer Plaz. Si hätt déi lescht 2 Joer vill bäigeléiert a si géing eng gutt Aarbecht maachen.

Nächste Co-President vun der LSAP?

Op d’Fro, ob hie sech fir d’Parteispëtzt um nächste Kongress wéilt mellen, huet de Georges Engel net mat “jo” oder “nee” geäntwert. Hie sot: “wa meng Experienz a mäi Profil sollt hëllefen, fir dass mer eis kéinte besser entwéckelen, souwuel als Land wéi och als Partei, da wäert ech doraus och meng Schlëss zéien”. Hie kéint sech do och eng Rei Leit als Co-Presidentinne virstellen. Dat wäert sech déi nächst Woche weisen, wie sech do erausschielt, sou den LSAP-Deputéierten.

Invité vun der Redaktioun: Georges Engel

Liest och hei:

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO