Invité vun der Redaktioun (15. Januar) - Georges MischoEt misst elo ophale mam "Mischo-Bashing"

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moie waren de Récktrëtt vum Georges Mischo an säi Retour an d'Chamber Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Georges Mischo
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

“Et ass mir ganz wichteg, datt et elo mat deem “Mischo-Bashing” ophält. Ech hunn der annerhalleft Joer laang gutt an d’Suckel kritt, vun alle Säiten, an et geet elo duer”, dat sot de Georges Mischo en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

Hien huet virun engem gudde Mount als Aarbechts- a Sportminister demissionéiert a wäert d’nächst Woch nees als CSV-Deputéierte vereedegt ginn. Hie géif no vir kucken. Et misst een ëmmer nees opstoen, wann ee fält.

Verschiddener hätten einfach iwwerdriwwen. Wann hien un de Bréif vun de Gewerkschaften denkt, wier dee “feig, infekt an niveaulos” gewiescht. Et hätte Saachen do dra gestanen, déi carrement net stëmmen. Hie géif et aarmséileg fannen, datt OGBL an LCGB him déi Reprochen och ni selwer an d’Gesiicht gesot hunn.

“Et hätt ee méi sec misse mat de Gewerkschaften ëmgoen”

Huet hien dann als Minister net awer och Feeler gemaach? Jidderee géif Feeler maachen, huet den Ex-Minister geäntwert. Ee Feeler vun him wär warscheinlech gewiescht, datt en ze laang engem Beamte vertraut hätt. Warscheinlech hätt een och vill méi sec mat de Gewerkschafte missen ëmgoen, fënnt de Georges Mischo. Am Koalitiounsaccord hätt kloer dra gestanen, wat ee wëlles hat. D’Regierung an hie selwer hätten an deem Sënn ze vill noginn an hätten esou d’Gewerkschafte staark gemaach. Och an de Sozialronne wier vu Gewerkschaftssäit “extrem blockéiert” ginn. D’Aarbechtsrecht soll dem Koalitiounsaccord no méi gerecht a modern ginn. Bis op d’Sonndesaarbecht wier awer bis ewell wéineg geschitt.

Wat d’Affär vum Sportsmusée ugeet, huet de Georges Mischo sech en Donneschdeg de Moie verdeedegt, och wann dat Ganzt onglécklech gelaf wier. Hien a säi Ministère hätte keng Prozedurfeeler gemaach. Hien hätt et och erstaunlech fonnt, datt een Ugangs Dezember op eemol 680.000 Spezialisten am “Marchés publics” gehat hätt. Jiddereen hätt et besser gewosst. Wann et esou kloer wär, hätt d’Regierung kee juristeschen Avis missten ufroen.

Gespaant, ob d’Politik “ouni dee schreckleche Mischo”

Nächsten Dënschdeg gëtt de Georges Mischo als neien CSV-Deputéierte vereedegt. Hie wäert net an d’Sports- oder Aarbechtskommissioun sëtze goen, mä wëll awer en A op déi Dossieren hunn. Sarkastesch sot hien, datt jo elo de Prozentsaz vun de Kollektivverträg “ouni dee schreckleche Mischo” duerch de Plaffong wäert goen. No 40 Joer, wou den Taux de couverture bei 54 bis 56% louch, wär hie gespaant, wann en op 70 op 80% erop geet an Dury a Back sech géifen an den Äerm leien, fir dat ze feieren. Mä dat wäert net de Fall sinn, sou de Georges Mischo.

Erpressung am Dossier Liberty Steel?

Den Dossier Liberty Steel wëll hien och am A behalen. An huet och do ferm Reprochen de Gewerkschafte vis-à-vis gemaach. Hie wär vun de Gewerkschaften erpresst a gedrängt ginn, fir déi lescht siwe Leit an d’Pre-Retraite ze schécken. Si hätten hien opgefuerdert, géint d’Gesetz ze goen a seng Mataarbechter hätten hie beknéit, dat net ze maachen. Och dowéinst wär hien dunn nees geschleeft ginn.

“Ech hunn ni eng gedréint”

Hie kéint sech awer all Moien an de Spigel kucken. “Ech hunn ni eng gedréint, an där Zäit, wou ech Politiker war a wäert sinn ”, sot eisen Invité. Dat hätt hien och senge Kanner erkläert.

En Donneschdeg de Moie waren de Récktrëtt vum Georges Mischo an säi Retour an d’Chamber Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Weider Artikelen zum Theema:

Back to Top
CIM LOGO