AlebaGeneralsekretär Laurent Mertz hält op

RTL Lëtzebuerg
Un der Spëtzt vun der Bankegewerkschaft Aleba gëtt et e Changement. De Generalsekretär Laurent Mertz hält op, heescht et um Site vun der Aleba.

Hie war och Member vum Exekutiv-Comité a vum Comité d’Administration a gëtt all déi Mandater of, déi hien zënter 2013 hat. Hie wéilt sech op seng Aarbecht an der Salariatskummer konzentréieren, wou hien d'Aleba vertrëtt.

Wie Successeur gëtt, ass nach net public.

Fir d'Bankegewerkschaft waren et an der Lescht onroueg Zäiten. Bei de Verhandlunge fir en neie Kollektivvertrag am Bankesecteur gëtt et décke Sträit mat den anere Gewerkschaften, der Aleba gouf donieft déi sektoriell Representativitéit viru kuerzem oferkannt.

Back to Top
CIM LOGO