
Seng Funktioun um Haff war am Kader vum Waringo-Rapport kritesch hannerfrot ginn. Wéi d'Onlineplattform Reporter mellt, ass de fréiere "General Manager" David Grieu entlooss ginn. Hannergrond wier ënnert anerem eng Plainte géint den héichgestallte fréiere Mataarbechter um Haff.
Dem Mann géif reprochéiert ginn, datt hie Mataarbechter ugewisen hätt, intern Dokumenter vum Haff verschwannen ze doen. Wéi de Spriecher vun der Justiz Henri Eippers Reporter confirméiert huet, gouf de Parquet iwwert dës Saach informéiert. D'Police judiciaire enquêtéiert.
Den David Grieu war zanter Mëtt Mäerz scho vu sengen Aufgaben suspendéiert ginn. A sengem Rapport war de Jeannot Waringo zur Konklusioun komm, datt et de Poste vun engem General Manager guer net bräicht. Vill méi sollt den Hofmarschall gestäerkt ginn. Viru kuerzem hat de Lucien Weiler jo annoncéiert, an d'Pensioun ze goen.
E Successeur gëtt et nach net.