Zu Wëntger gouf e Samschdeg de Moie fréi um 4.40 Auer e Bankomat gesprengt. Wéi op de Biller ze gesinn ass, gouf d'Plaz virun an och an der Bank staark wéinst der Explosioun beschiedegt. Den Automat war am Gebai selwer, et huet een also missten duerch eng Dier, fir bei den Apparat ze kommen.
D'Täter wiere warscheinlech iwwert d'Grenz geflücht, heescht et.
D'Haaptstrooss, also d'N12 ass den Ament fir den Trafic gespaart. D'Police ass op der Plaz an enquêtéiert.
An deem Zesummenhang sicht d'Police ni Indicen a freet Leit op sech ze mellen, déi eventuell verdächteg Autoen oder Persounen an de leschte Stonnen an der Géigend vun der Dot gesinn hunn. Dës an all aner Informatiounen am Zesummenhang mat dësem Fall sinn der Police um 113 ze mellen.