
Dat mellt d'Wochenzeitung "Lëtzebuerger Land".
Déi aner Persoun hätt dat refuséiert an den Direkter Jean-Claude Schmit driwwer informéiert. De Santésdirekter hätt déi concernéiert Persoun suspendéiert an de Parquet ageschalt. Eng Spriecherin vun der Santé huet der Zeitung confirméiert, datt en Dossier iwwert e Mataarbechter un de Parquet iwwermëttelt gouf. Zu de konkrete Reprochen sot de Ministère bis elo näischt.