Schëss bei Presse-Dinner zu WashingtonDonald Trump gouf a Sécherheet bruecht, Täter huet e Méindeg scho Rendez-vous viru Geriicht

Andy Brücker
Annick Goerens
Beim traditionelle Korrespondentendinner zu Washington si Schëss gefall. Ee Secret-Service-Beamte gouf getraff.
© AFP PHOTO / @REALDONALDTRUMP - TRUTH SOCIAL 

Beim traditionelle White House Correspondents’ Dinner zu Washington si Schëss gefall. Den US‑President Donald Trump, seng Fra Melania Trump souwéi aner Membere vun der Regierung goufen a Sécherheet bruecht. De Virfall war kuerz nom Ufank vun der Gala virun enger Sécherheetskontroll am Hotel.

En Agent vum Secret Service gouf ugeschoss, mee seng kugelsécher Weste huet hie viru méi schwéiere Verletzunge protegéiert. De President sot spéider, hie wier a Kontakt mat dem Beamten.

Videoe weisen panesch Zeenen, bei deene Gäscht sech no de Schëss ënner Dëscher verstoppt hunn.

Den Ugräifer, een 30 Joer ale Mann aus Kalifornien, gouf iwwerwältegt a festgeholl. No Aussoe vun der Police hat hien eng Schroutflënt, eng Pistoul a verschidde Messere bei sech. Den Donald Trump geet dovun aus, datt et sech ëm en Eenzeltäter handelt. Ob den Ugräifer hie selwer als Zil gehat hätt, wéisst hien net, mee et wier a gewësser Weis wonnerschéin ze gesinn, wéi e schwéier arméierte Mann, konnt vum Sécherheetsapparat iwwerwältegt ginn, sou den Donald Trump. Wéi den Ugräifer iwwerhaapt konnt duerch déi streng Sécherheetskontrolle kommen, ass net gewosst. Et gëtt spekuléiert, dass hie Gaascht am Hotel war, wou dëst Evenement ofgehale gëtt. Den Donald Trump sot allerdéngs, den Hilton-Hotel zu Washington wier kee besonnescht séchert Gebai. 1981 war den deemolege US-President Ronald Reagan och an dem Hotel ugeschoss ginn.

Ronn 2.600 Gäscht haten um traditionelle “White House Correspondent’s Dinner” deelgeholl, mat enger éischte Kéier och dem Donald Trump.
D'Organisateure hunn ugekënnegt, datt den Evenement zu engem spéideren Zäitpunkt nogeholl soll ginn.

Den Donald Trump huet op senger Plattform Truth Social de Leit vum Secret Service Merci gesot, fir hir exzellent Aarbecht. Et géif jidderengem gutt goen.

D'Enquête lafen op Héichtouren. Iwwer dem Mann säin Motiv ass bis ewell näischt gewosst. Hien hätt als Schoulmeeschter an Entwéckler vu Videospiller geschafft an hätt eleng gehandelt, sou heescht et bis ewell. Dëst ass déi presuméiert drëtt Attack op den Donald Trump bannent 2 Joer.


Attentatsversich op den Donald Trump

Back to Top
CIM LOGO